Am LokalenKollisioun tëscht 2 Autoen, Bus a Flamen an eng Persoun ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et en Dënschdeg de Moie géint 7.10 Auer op der RN2 tëscht Hamm a Sandweiler zu engem Accident.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

Zwee Autoen krute sech ze paken. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 9.45 Auer huet an der Stater Rue de la Déportation e Bus gebrannt. Hei ass kengem eppes geschitt.

Kuerz no 10.45 Auer gouf dann nach eng Persoun an der Stad an der Rue des Pommiers ugestouss a blesséiert.

Da mellt de CGDIS nach géint 15.30 Auer en Tëschefall um Keelerpotto tëscht Esch a Keel, hei ware véier Ween an e Motorrad an d’Accident verwéckelt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO