CGDIS mellt zwee BlesséierterKollisioun tëscht Auto a Moto op der A4 a Chute vu Motocyclist an der Stad

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie goufen d'Rettungsekippe vum CGDIS op zwee Accidenter geruff, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
© Jeannot Ries

Wéi aus dem Bulletin ze liesen ass, hat et géint 7:26 Auer op der A4 tëscht Lankelz a Lalleng tëscht engem Auto an engem Motorrad geknuppt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Esch versuergt.

Géint 9:13 Auer goufen dann nach de Samu-Noutdokter an d'Rettungsekippen aus der Stad an d'Gaasperecher Strooss an der Stad geruff, nodeems hei e Motocyclist gefall an dobäi blesséiert gi war.

Back to Top
CIM LOGO