Tëscht der Hierheck an dem LéierhaffKollisioun tëscht zwee Autoen, eng Spuer gespaart

RTL Lëtzebuerg
Vun der Plaz heescht et, dass zwou Persounen nom Accident an d'Spidol transportéiert goufen.

Géint 6:20 Auer e Mëttwochmoie krute sech op der N12 tëscht der Hierheck an dem Léierhaff zwee Autoen ze paken. Zwou Persounen sinn nom Accident an d'Spidol transportéiert ginn. Eng Nordstad-Ambulanz war op der Plaz. Eng Spuer war gespaart, ma géint 9:30 Auer konnt se nees fir den Trafic opgoen.

Back to Top
CIM LOGO