RTL-Presseclub vum 21. JuniKomme mir nom Deconfinement nees an d'Normalitéit vu Virun der Kris zeréck?

Annick Goerens
Ëm de weideren Déconfinement, d'Suitë vun der Corona-Kris an de Sozialdialog geet et e Sonndeg am Presseclub.
© RTL-Grafik

Komme mer mam weideren Deconfinement zréck an eng Normalitéit wéi virum 15. Mäerz? Kënnen d'Suitte vun der Corona-Kris op finanziellem Plang gestemmt ginn? A gëtt dem Sozialdialog mam Tripartite-Rendez-vous nees Liewen agehaucht?

Ëm de weideren Déconfinement, d'Suitë vun der Corona-Kris an de Sozialdialog geet et e Sonndeg am Presseclub.

Invitéiert am Presseclub e Sonndeg sinn:

De Claude Karger vum Journal
den David Marques vum Quotidien
an de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO