
Eng weider Baufirma muss Faillite deklaréieren. D’Firma Fries vu Munneref, déi an der Konstruktioun an dem Génie Civil aktiv war. De LCGB weist sech ganz besuergt iwwert d’Lous vun de 40 Leit, déi bei der Munnerefer Firma geschafft hunn. D’Gewerkschaft freet sech och, wat d’Konsequenze vun der Faillite vu FCPI op d’Clienten a Fournisseure sinn.
Fir de Leit an den Demarchen ze hëllefe war haut eng Reunioun am Siège vum LCGB. D’Gewerkschaft freet all d’betraffe Salariéen sech ze mellen, fir déi weider Demarchen z’organiséieren.