Am Interêt vu Konsumenten a BetriberKontroll vu Fusiounen an Acquisitiounen

RTL Lëtzebuerg
Am Interêt vun de Konsumenten a vun de Betriber soll d’Konkurrenzrecht hei am Land gestäerkt ginn.
© Ministère de l’Économie

Lëtzebuerg huet scho Reegele géint Präisofsproochen, deloyal Konkurrenz oder nach dominant Positiounen um Marché. Allerdéngs huet Lëtzebuerg als eenzegt Land an der EU keng Reegelen, fir d’Konzentratioun ënner Betriber ze kontrolléieren. Dat soll sech elo änneren: de Wirtschaftsminister Franz Fayot huet en Dënschdeg de Moien en entspriechende Gesetzprojet virun der Press presentéiert. Konkurrenz ass wichteg, fir d’Innovatioun ze fërderen an ze verhënneren, datt d’Präisser an d’Luucht ginn, huet de Franz Fayot resuméiert: “Wann der e Monopol hutt oder eng staark Konzertatioun op engem Marché, da beanträchtegt dat an der Reegel och d’Präisser.

De Wirtschaftsminister huet betount: et geet net drëm, Fusiounen ze verhënneren, well déi bräicht een och a meeschtens wiere se gutt fir d’Ekonomie. Stéchwuert international europäesch “Champions”. Et géing drëm goen, negativ Effeten op de Lëtzebuerger Marché ze verhënneren. D’Konkurrenzautoritéit géing Fall fir Fall den Impakt vun esou Operatiounen op de Lëtzebuerger Marché ënnert d’Lupp huelen. De Franz Fayot huet e Verglach gemaach tëscht dem “lokale Marché vun de Bréidercher” an enger “industrieller Bäckerei, déi an der Groussregioun oder a ganz Europa ënnerwee ass.”

© Ministère de l’Économie

Virgesinn ass, datt d’Konkurrenzautoritéit muss bannent 25 Schaffdeeg Gréng oder Rout Luucht ginn – oder Oplagen - wann zwee Betriber fusionéieren, e Betrib een aneren ofschléckt, oder nach wa gewëss gemeinsam Entreprisë geschaaft ginn. Dat just a Fäll, wou op d’mannst 2 vun de Betriber, déi un der Operatioun bedeelegt sinn, hei am Land e Chiffre d’affaires vun iwwer 15 Milliounen Euro realiséieren. Oder iwwer 60 Milliounen, wann een all d’Betriber an der Operatioun kuckt. “Et gëtt hei keen Aspekt vu Strof”, sou de Franz Fayot. Et wier eng “reng Analys vun der Inzidenz op d’Konkurrenz op engem Marché.”

Bei méi komplexen Operatioune kann et 90 Deeg sinn, mee dat wier rar. Géint eng Decisioun vun der Konkurrenzautoritéit kéint een natierlech an Appell goen. An d’Regierung kann och am Fall vum Intérêt général och intervenéieren. Dat ass de Fall zum Beispill, wann eng Fusioun zur industrieller, wirtschaftlecher oder finanzieller Entwécklung géing bäidroen. Oder wa se e Betrib international stäerkt oder nach Aarbechtsplazen erhält oder schaaft.

De Gesetzprojet iwwert d’Kontroll vun der Konzentratioun vu Betriber geet op den Instanzewee. Et wäert awer wuel déi nächst Chamber sinn, déi doriwwer wäert ofstëmmen.

Hei d’Presentatioun vum Projet am PDF!

Back to Top
CIM LOGO