Politesch Kris an der Gemeng BechKritt d'Buergermeeschtesch d'Vertrauen entzunn, well si rezent Mamm ginn ass?

Marc Hoscheid
Dee Reproche mécht d'Jill Goeres dem Conseiller Emile Bohnenberger. Dee weist d'Virwërf zeréck a seet, si wier onofhängeg vum Kand net present genuch gewiescht.
© RTL

Wie steet an Zukunft un der Spëtzt vun der Gemeng Bech? Déi Fro stellt sech, zanter e Mëttwoch de Budget mat 5 zu 4 Stëmme verworf gouf. Parallel dozou gouf eng Motion de censure géint de Schäfferot agereecht, déi an deenen nächste Wochen ugeholl dierft ginn. Datt et e Mëttwoch zum Eclat am Gemengerot komm ass, iwwerrascht d’Buergermeeschtesch Jill Goeres nëmmen zum Deel. Et hätt nämlech schonn zanter enger Partie Méint Problemer tëscht hir an dem Emile Bohnenberger ginn. Dee war no de Walen Deel vun der Majoritéit, ma hätt mëttlerweil decidéiert, d’Säiten ze wiesselen.

“An doduerch och dat ganzt Joer mir schonn Drounge mécht, datt wann ech folgend Krittären net erfëllen oder sou, hien d’Säite géing wiesselen. An dat Ganzt ëmmer op de perséinlechen Hannergrond bezunn, datt ech am Fréijoer meng Schwangerschaft bekannt ginn hunn, virun zwee Méint Mamm gi sinn an hie scho virun der Gebuert vu mengem Kand der Meenung war, datt eng Fra kee politescht Amt auszeféieren hätt, wa se Mamm gëtt, mee da misst doheem beim Kand bleiwen.”

Den Emile Bohnenberger weist déi Reprochen iwwerdeems als Ligen zeréck. Hien hätt dat ni gesot an hätt och guer kee Problem domadder, wa Fraen, déi Kanner hunn, politesch aktiv wieren. Hien hätt sech vill méi doru gestouss, datt deen neie Schäfferot hien net an déi politesch Aarbecht matagebonnen hätt, obwuel hie selwer laang Jore Schäffe war a seng Erfarung mat abrénge wollt. Doriwwer eraus reprochéiert hien der Jill Goeres, hir Aarbecht als Buergermeeschtesch net korrekt gemaach ze hunn, an dat och schonn, wéi si nach net schwanger war.

“Ech krut vu riets a lénks gesot, datt d’Madamm Goeres net vill present ass. Haaptsächlech ass dat ugaangen an eisem Schoulsyndikat, dat ass eist gréisst Syndikat, wou déi zwou Schoulen zu Berbuerg sinn a wou de President vum Syndikat mir gesot huet, datt déi Becher do net present sinn. Dat ass esouguer sou wäit gaangen, datt d’Gemeng Manternach wollt aus dem Schoulsyndikat erausgoen.”

Den Emile Bohnenberger ënnersträicht dann och nach, datt hie juristesch géint d’Jill Goeres virgoe wäert, wa si hir Reprochë weider widderhëlt. Et ass zudeem d’Ausso, datt hien net Deel vun engem neie Schäfferot wéilt sinn. Och de Max Pesch, Spriecher vun der Oppositioun, wëllt sech net dozou äusseren, wéi et personell weidergoe soll. Dat wéilt ee fir d’éischt zesumme mam ganze Gemengerot beschwätzen. Hien hofft och, datt et an Zukunft net ëmmer Votte 5 géint 4 wäert ginn, mee datt ee konstruktiv zesummeschafft. Dorobber ugeschwat, seet d’Jill Goeres, si wier bereet alles ze ënnerstëtzen, wann et am Sënn vun der Gemeng ass.

Pressematdeelungen

Pressematdeelung vum Schäfferot

Der Jill Goeres hir perséinlech Pressematdeelung zu der Gemengerotssëtzung.

Pressecommuniqué vum Emile Bohnenberger

Back to Top
CIM LOGO