Wéinst der Corona-Pandemie gouf selbstverständlech och hei d’Editioun vun dësem Joer annuléiert. Dowéinst gouf als Alternativ een Take Away mat lëtzebuergeschen a vegetaresche Platen organiséiert. Traditionell gëtt deen Dag zu Lëtzebuerg de Krautwësch, deen e Bëndel vun zesumme gebonnene Kraider a Friichten ass, geseent.
Léiffrawëschdag, respektiv Maria Himmelfaart, gëtt zënter dem Joer 582 gefeiert. D’Associatioun vun de Greiweldenger Leit huet d’Traditioun 1985 opgegraff.
Nodeems d'Maria 1678 zur Schutzpatréinesch vum Lëtzebuerger Land ernannt ginn ass, gouf d'Kraiderseenung mat der Muttergottes- verbonnen. Haut ass déi traditionell Kraiderseenung hei zu Lëtzebuerg weiderhi beléift.
Den Organisateur Fernand Kieffer hofft, datt d’Editioun 2021 vum Léiffrawëschdag nees ënnert normale Konditioune kann organiséiert ginn.