Invité vun der Redaktioun (27. November)Laurent Zahles, CEO Raiffeisen

François Aulner
E Freideg de Moien ass de Bankesecteur Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Marché vum Neibau, d'Venten um Plang oder sougenannt Vefa, huet sech nach ëmmer net erholl. De Volume un Immobiliekreditter bleift ënnert dem Niveau vu virun der Kris, déi Enn 2022 ugefaangen huet.

Fir iwwert de Kredit, d'Immobiliepräisser an d'Zënsen ze schwätzen ass de Laurent Zahles eisen Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien. De CEO vun der Raiffeisen ass nämlech och President vum Groupement vun de Retailbanke bei der Bankenassociatioun ABBL.

Mir froen hien, firwat d'Banken net méi Efforte maache fir den Zougank zum Logement ze verbesseren, mee och ewéi eng Reform vum Vefa-Gesetz an der Garantie d'achèvement de Banken no misst ausgesinn.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO