De Premier ass den éischten, deen a Fro kënnt, fir Spëtzekandidat bei den nächste Chamberwalen 2028 ze sinn. Dat sot den neien CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”. Datt de Luc Frieden gläichzäiteg Parteipresident ass a wëll bleiwen, huet de Laurent Zeimet gutt fonnt.
Hie stellt fest, datt der CSV ënnert dem Premier Jean-Claude Juncker nogesot gi wier, keen aneren ze hunn ewéi de Juncker an elo géing sech dat op de Luc Frieden “konzentréieren”. A sengen Ae wier et weder deemools ewéi haut “just de Premier oder de Parteipresident, déi fir d’CSV stinn”. A senger Partei géing et eng Rei Leit ginn, déi dat gutt kéinte maachen, mee de Poste wier am Moment gutt besat.
Och wann de Luc Frieden den éischte Premier ass, deen an de Sondagen net méi an den Topp 10 ass? De Laurent Zeimet huet op d’Ausland higewisen, wou d’Regierungscheffen net ëmmer déi populäerst wieren. Datt de Luc Frieden manner gutt ofgeschnidden huet wier net iwwerraschend, well hien iwwert de Summer a virdrun an der Kritik stoung: “Also wann hie lo mat engem Plus vun 20 Prozent do erauskomm wier, da géinge mer alleguerte soe ‘chapeau, grouss Leeschtung’.”
Kritik un de Projete vun der Regierung a Saache Sonndesaarbecht, mee och fir d’Rolle vun de Gewerkschafte bei Kollektivverträg ofzeschwächen, koum jo aus den eegene Reien, notamment vum viregte Fraktiounschef Marc Spautz. Deen, deen de sougenannte soziale Flillek bei der CSV verkierpert huet an dobäi vum Laurent Zeimet ëffentlech ënnerstëtzt gouf, huet de Poste vum Aarbechtsminister no der Demissioun vum Georges Mischo iwwerholl.
Gëtt de Marc Spautz an der Regierung elo “bezäämt”? De Laurent Zeimet huet gelaacht: “Ech wënsche jidderengem vill Spaass dobäi, de Marc Spautz wëllen ze zämen.”
D’Regierungsëmbildung a seng Nominatioun als neien CSV-Fraktiounschef gesäit de Laurent Zeimet och net als “Revanche vum soziale Flillek”, esou ewéi d’Wochenzeitung d’Land se beschriwwen hat. Och hie gesäit elo “d’Erwaardung vun de Leit un eng CSV, datt se fir Stabilitéit steet”. D’Partei misst där legitimmer Erwaardung “gerecht ginn”.
Am Géigesaz zum Luc Frieden, mee och dem Finanzminister Gilles Roth, déi näischt méi vu “Flilleke” wëlle wëssen, ass de Fraktiounschef dobäi bliwwen, datt et bei der CSV méi liberal Leit géing ginn an op der anerer Säit méi chrëschtlech-sozialer. No senger Nominatioun hat den neie Fraktiounschef seng Roll och mat vill Humor als “Diva-Manager” bezeechent.
En Donneschdeg de Moie sot hien, et kéim vill op “d’Diskussioun am Virfeld” un, no där et awer natierlech och Decisioune misste ginn. An der Fraktioun hätt jidderee seng Talenter. Et géing “staark Charaktere” ginn, wat och gutt wier. Fir de Laurent Zeimet misst jidderee sech abréngen: “Et kann net sinn, datt déi eng schaffen an déi aner kucke just no.”
De Laurent Zeimet huet och decidéiert, de Poste vu Buergermeeschter vu Beetebuerg opzeginn. Eng Decisioun, déi him “net liicht gefall” ass, mee et wier him “am Bauch” scho kloer gewiescht, datt et schwiereg géing ginn, déi zwee Poste mateneen z’erfëllen.
Hien huet confirméiert, datt säi Parteikolleeg a Schäffen Jean-Marie Jans Wëlles huet, de Posten z’iwwerhuelen an hie wier zouversiichtlech, datt et him och geléngt, d’Schwaarz-Blo-Gréng Majoritéit hannert sech ze kréien.
De Laurent Zeimet hannerléisst no bal 15 Joer als Buergermeeschter eng Gemeng, an där d’Populatioun manner gewuess ass ewéi déi aner Gemenge vun där Gréisst, mee och d’Gemeng mat der zweet-héchster Verscholdung pro Awunner (*Am Interview hu mir gesot, Beetebuerg wier déi héchst verschëllte Gemeng pro Awunner, mee dat ass Iechternach. Beetebuerg ass déi zweet). Den CSV-Politiker huet erkläert, datt d’Gemeng ebe grad an Terrainen, Infrastruktur, Schoulen a Maison-relaisen investéiert hätt, fir elo kënnen ze wuessen. Nei Quartiere géingen elo entstoen.
Och als Fraktiounschef bleift de Laurent Zeimet iwweregens den CSV-Spriecher fir Aussepolitik. Ugeschwat op de Spagat vun der Regierung, fir trotz US-Strategie, fir d’EU ze splécken, US-Uspréch op Grönland an US-Agrëff a Venezuela, d’Handelsbezéiunge mat den USA wëllen ze verstäerken, huet hien op de Krich an der Ukrain higewisen, wou et och ëm d’Fräiheet vun Europa géing goen.
“D’Amerikaner sinn eis Alliéiert, mir sinn op d’Amerikaner ugewisen”, esou de Laurent Zeimet. Op där anerer Säit wéilt d’Europäesch Unioun sech jo “besser opstellen, fir d’Zukunft, mee dat wäert seng Zäit brauchen”. Aktuell hätt Europa “leider” net d’Stäerkt, déi et bräicht an hien hofft, datt d’EU net nach méi ënnertenee streit.
Déi aktuell US-Regierung wier “keng, déi fir grouss Begeeschterung” suergt, mee se wier op Zäit gewielt, et géing an der US-Regierung Leit ginn, déi d’Saachen anescht gesinn an Enn des Joers si jo d’Midterm elections, wou en Deel vum Kongress – Representantenhaus a Senat – nei gewielt ginn an deemno ewéi den Handlungsspillraum vum Donald Trump kéint méi kleng ginn.
Invité vun der Redaktioun: Laurent Zeimet
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.