Gemeng BeetebuergLaurent Zeimet hält als Buergermeeschter op

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Beetebuerger CSV-Buergermeeschter um Neijoerschpatt vun der Gemeng matgedeelt huet, wäert hie vu sengem Amt zerécktrieden.
Archivbild
© Samantha Weber

Dat confirméieren eis Sourcë vun der Plaz. Den Deputéierte Laurent Zeimet huet jo rezent d’Fraktioun vun der CSV iwwerholl, nodeems de Marc Spautz Aarbechtsminister gouf.

De Laurent Zeimet war zënter 2011 Gemengepapp zu Beetebuerg. Eisen Informatiounen no wäert de Schäffe Jean-Marie Jans de Buergermeeschterposten iwwerhuelen. Zu Beetebuerg gëtt et eng Dräier-Koalitioun aus CSV, déi Gréng an DP.

Back to Top
CIM LOGO