
Mat méi Drock op d’Politik wëll den LCGB dofir suergen, datt endlech eng Léisung fonnt gëtt, fir Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg als Chauffeur am Secteur vum internationalen Transport schaffen.
Zënter ronn zwee Joer mécht de Chrëschtleche Gewerkschaftsbond op d’Situatioun vun dëse Leit opmierksam a kënnt zur Conclusioun, datt zu Lëtzebuerg de politesche Wëlle feelt, fir eppes z’ënnerhuelen. Duerch en europäescht Reglement riskéieren déi betraffe Salariéeën, hir Affiliatioun an der Sécurité sociale ze verléieren an an anengems och d’Recht op Prestatioune wéi de Congé parental oder d’Familljenzoulagen. Dat europäescht Reglement gesäit vir, datt all Salarié, dee méi wéi 25 Prozent vu senger professioneller Aktivitéit a sengem Residenzland verbréngt, och do muss affiliéiert ginn.
Bei Grenzgänger, déi hei am Land als Camionschauffer schaffen, ass dee Risiko natierlech grouss, wéi de Paul Glouchitski vum LCGB erkläert. Einfach well Lëtzebuerg wirtschaftlech an och geografesch vu grousse Länner encadréiert ass, wéi Frankräich, Däitschland an d’Belsch. An et brauch ee keng 50 Kilometer ze maachen, bis een am Ausland ass. Bei Frontalieren ass de Risiko natierlech immens grouss, datt se duerch hiert Residenzland fueren an domadder do schaffen. De Seuil vu 25 Prozent ass op déi Manéier relativ séier areecht.
An den Ae vum LCGB ass dat inakzeptabel an dofir hate seng Vertrieder schonn eng ganz Rei Gespréicher. Ënnert anerem mam fréiere Sozialminister Romain Schneider, mam Mobilitéitsminister François Bausch a mam Nicolas Schmit, dem zoustännegen europäesche Kommissär. Donieft huet den LCGB och zesumme mat der europäescher Gewerkschaft fir den Transport a mat Syndikater aus der Belsch a Frankräich no enger Léisung gesicht. D’Léisung ass net en europäescht Reglement z’änneren, wou 27 Länner missten zoustëmmen. Dat einfachst wier, bilateral Accorde mat de betraffene Länner auszehandelen an am Artikel 16 vum concernéierten europäesche Reglement ass déi Méiglechkeet virgesinn.
Déi Piste hätt een dem fréiere Sozialminister och méi wéi eng Kéier proposéiert, mä et wier net viru gaangen an dofir hätt den LCGB déi Aarbecht gemaach, déi eigentlech de Minister hätt misse maachen, seet den Paul Glouchitski. Et hätt een an den Nopeschlänner no Kontakter gesicht, déi kéinte virunhëllefen, datt esou bilateral Accorden ausgeschafft ginn. A Frankräich war dat en Deputéierte vun “en marche” aus dem Departement Meurthe-et-moselle. De Xavier Paluszkiewiz huet sech engagéiert, bei deenen zoustännege franséischen Autoritéiten z’intervenéieren a sech staark ze maachen, fir d’Pist vun de Gewerkschaften. Dee selwechten Exercice maache mer och elo an der Belsch.
Mam neie Sozialminister zu Lëtzebuerg hätt een de Kontakt nach net gesicht, seet de Vertrieder vum LCGB. Et wier awer virgesinn, fir dat deemnächst ze maachen. Dëse Mount wollten d’Gewerkschaftler dem Claude Haagen awer emol d’Geleeënheet ginn, seng nei Funktiounen z’iwwerhuelen a sech mat den Dossiere vertraut ze maachen.