Internationalen Dag vun der Trisomie 21Leit mat Downsyndrom hu sech iwwert e Solidaritéitsgeste gefreet

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg war den Dag, op deem een net soll drop oppassen, datt d'Strëmp beienee passen. Am Géigendeel.
© RTL-Archiv

E Sonndeg war den internationalen Dag vun der Trisomie 21 a wéi all Joer hu sech d’Leit mat Downsyndrom iwwert e Solidaritéitsgeste gefreet. Eng Foto op där een zwou verschidde Strëmp unhuet an déi een an de soziale Medie mam Hashtag #trisomie21letzebuerg publizéiert.

D’lescht Joer wollt d’ASBL hiren 20. Gebuertsdag feieren, duerch Corona ass dat dunn näischt ginn an dofir huet se e Sonndeg, den 21. Mäerz 2021 hiren 21. gefeiert. Natierlech op eng aner Manéier, wéi een dat gewinnt ass.

De ganzen Dag iwwer goufen online Aktivitéiten organiséiert - dorënner Fitnesscoursen, Danzcoursen, Diskussiounen iwwert d’Trisomie a fir ofzeschléissen och nach e Schnëssowend. Déi Aktivitéite waren op fir jiddereen, huet d’Associatioun am Virfeld ënnerstrach, an déi verschidden Auerzäiten huet een um Internetsite trisomie21.lu fonnt.

D’ASBL bréngt dann och elo e Buch eraus an deem et ëm d’Evolutioun an de leschten 21 Joer geet.

D’Presidentin vun der ASBL “Trisomie21", d’Martine Eischen

Back to Top
CIM LOGO