Observatoire national de la santéLëtzebuerg an den europäeschen Top 5 fir Santésdepensen

Jeannot Ries
Lëtzebuerg ass an den europäeschen Top 5, wat d’Ausgabe fir d’Gesondheet ubelaangt.  
Lëtzebuerg an den europäeschen Top 5 fir Santésdepensen
Lëtzebuerg ass an den europäeschen Top 5, wat d’Ausgabe fir d’Gesondheet ubelaangt.

Analys vum Gesondheetssystem / Carine Lemmer

2021 huet Lëtzebuerg d’Joer 7.515 Dollar pro Kapp fir d’Gesondheet ausginn. Am internationale Verglach ass onst Land domat ënner ronn 50 Staate vum europäesche Kontinent op der 5. Plaz.

“Mir hu vill Leit, déi verséchert sinn. Mir hunn och den Taux vun deene Leeschtungen, dee rembourséiert gëtt, ass relativ héich. Also et gëtt vill ëffentlech Sue verwent, fir de System esou ze hunn, wéi mer deen haut hunn. Mir hunn eng gesond Bevëlkerung. Mee mir gesinn awer och, datt aner Länner mat änlechen Ergebnisser, also fir elo déi Gesondheet vun der Bevëlkerung, manner Suen ausginn”, sou d’Katharina Rausch vum Observatoire national de la santé.

U Méiglechkeeten, de System nach méi effikass ze gestalten, géif et net feelen. Wat d’Präventioun ubelaangt, awer och déi primär Versuergung, also den Hausdokter. Awer net just. Och d’Apdikter kéinte méi Responsabilitéit iwwerhuelen. D’Lëtzebuerger ginn iwwerduerchschnëttlech vill bei d’Spezialisten. Hunn d’Tendenz, Etappen ze iwwersprangen. Dat huet en Impakt, och op d’Urgencen.

D’Catherine Goetzinger vum Observatoire national de la santé ënnersträicht: “Hei zu Lëtzebuerg ass et eeben, dass d’Leit net ëmmer direkt d’Tendenz hunn, bei den Hausdokter ze goen. An dat ass ee vun de Grënn, firwat vill Leit direkt an d’Urgencë ginn. An do kommen ech dann zréck op mäi Punkt, firwat et esou wichteg ass, d’Soins primaires ze verstäerken hei zu Lëtzebuerg. Fir dass et méi kloer gëtt, dass den Hausdokter eisen éischten Unhaltspunkt soll sinn am Gesondheetssystem.”

© Jeannot Ries / RTL

Keng rezent Zuele wei vill Dokteren a wat fir enge Beräicher aktiv schaffen

Déi lescht Zuele ginn hei op d’Joer 2017 zeréck, wat bedauert gëtt. Nei Methode fir d’Dokteren ze ziele ginn ausgeschafft. Et wier och dacks schwiereg, déi néideg Informatiounen ze fannen, wou, wat fir en Dokter schafft.

Wat d’Klinicken ubelaangt, sou ginn et nach 2.640 Better, déi zu 70 Prozent beluecht sinn - obwuel d’Leit iwwer den europäeschen Duerchschnëtt am Spidol bleiwen. Spideeler, Dokteren, déi kloer e Magnéit iwwert ons Grenzen eraus sinn.

“La planification est un enjeu énorme pour le Luxembourg, en particulier en raison d’une part de la petite taille, mais aussi de la perméabilité de nos frontières et de notre dépendance des régions voisines. C’est une dépendance qui va en fait dans les deux sens. En réalité, on se rend compte que l’utilisation des soins de santé au Luxembourg par les frontaliers est significative et qu ‘elle augmente. Tout avec le temps”, sou d’Dr. Françoise Berthet, Presidentin vum Observatoire national de la santé.

Déi ënnersträicht, datt de Rapport bewosst der Politik d’Dier opléisst, hir eege Konklusiounen ze zéien. Fir Strategien a Prioritéite fir déi zukünfteg Orientatioun vun onsem Gesondheetssystem auszeschaffen.

© Jeannot Ries / RTL

Back to Top
CIM LOGO