UNICEF-RapportLëtzebuerg bréngt méi Leit a Strukturen ënner wéi a Famillen

RTL Lëtzebuerg
Knapps 1.500 Kanner a jonk Erwuessener sinn an Institutiounen oder Accueil-Famillen hei am Land oder am Ausland ënnerbruecht.
© RTL-Archiv

60 Prozent dovun effektiv a Strukturen, de Rescht a Famillen.

De Rapport vun der UNICEF weist deemno, dass Lëtzebuerg ënnert de 6 Länner an Europa ass, déi d’Placementer an Institutiounen deenen a Famille virzéien.

Der UNICEF no ass d’Reform vum Jugendschutzgesetz néideg, well dora virgesinn ass, dass d’Präventioun soll verstäerkt ginn. Zil wär et, dass d’Kanner esoulaang wéi et geet, an hirer Ursprongsfamill bleiwe kënnen.

D’UNICEF mécht sech och staark dofir, dass d’Kanner a Jugendlecher net virop an Institutiounen ënnerbruecht ginn.

PDF: Schreiwes vun der UNICEF

Back to Top
CIM LOGO