Associatioun LUkraine"Lëtzebuerg feelt et un enger konkreter Strategie"

RTL Lëtzebuerg
Zanter engem Joer hu sech d’Projete vun der Associatioun LUkraine staark verännert.
© Archivfoto

Nei Approche vis-à-vis vu Flüchtlingen - Reportage Michèle Sinner

D’Lëtzebuerger Regierung huet “keng Strategie fir d’Flüchtlingen”. Dat ass de Constat vun der Associatioun LUkraine, déi sech besonnesch iwwert d’lescht Joer fir ukrainesch Flüchtlingen agesat huet. Well d’Autoritéiten an dëser Zäit net op d’Doleancen a Propose vun der Associatioun gelauschtert hätten – déi betreffen an éischter Linn d’Foyeren - wëll LUkraine eng Table ronde organiséieren, dat fir mat der Caritas an der Croix-Rouge, déi d’Flüchtlingsfoyere geréieren, no Léisungen ze sichen. Mee och mam Office national de l’acceuil (ONA) an den zoustännege Ministèren, seet d’Inna Yaremenko, d’Vizepresidentin vu LUkraine.

D’Infrastrukturen an de Foyere wiere net adequat fir Familljen opzehuelen. Kanner hätte kaum Plaz fir ze spillen oder ze léieren. Et géif Probleemer mam Sécherheetspersonal ginn. “D’Leit komme sech vir, wéi am Prisong”, sou d’Inna Yaremenko. Si dierfte sech selwer näischt kachen, wat si gewinnt sinn – eng Situatioun, déi d’Flüchtlingen net verstinn. Dobäi kënnt, datt d’Infrastrukturen dacks genuch futti sinn, zum Beispill de Sanitär net géif funktionéieren. Grouss Strukturen, wéi de “Bâtiment T” um Kierchbierg, wou eng 900 Leit ënnerbruecht sinn, dovun eng 600 bis 700 Ukrainer, géifen och net dozou bäidroen, datt d'0Flüchtlinge sech kéinten an der Gesellschaft integréieren, bedauert d’Marianna Pogosova, déi fir LUkraine den direkte Kontakt mat de Flüchtlingen hält.

Anescht wéi d’Flüchtlingen aus anere Länner, däerfen ukrainesch Flüchtlinge schaffen a kruten direkt de Flüchtlingsstatut. Mee just eng 10 Prozent vun deenen, déi kéinte schaffen, hunn eng Aarbecht fonnt, schätzt d’Inna Yaremenko. Dat läit engersäits un de Sproochen, mee anerersäits un der Vermëttlung. D’Ukrainer, déi hei zu Lëtzebuerg wieren, dat sinn der am Ganze ronn 5.000, dovun eng 1.500 Kanner, wieren deels héichqualifizéiert. Wa si schaffe kéinten, kéinten si eng Plus value fir d’Land sinn, seet d’Inna Yaremekno.

LUkraine/Reportage Charline Hansen

Si erwaart sech, datt et fir den Anniversaire dës Woch eng nei grouss Landesoffensive vu russescher Säit gëtt. “De Vladimir Putin huet Anniversaire gär, wéi mer wëssen.” Da géife nees méi Leit flüchten. Ob der vill dovun op Lëtzebuerg kommen, bezweifelt d’Vize-Presidentin vu LUkraine awer. “Et ass schwiereg hei ze liewen ", seet si, dat wéinst de Logementsprobleemer. Lo no engem Joer, wéissten d’Ukrainer Bescheed a “si denke no, ier se anzwousch ginn”.

Vun de Flüchtlingen, déi hei sinn, wier ongeféier d’Hallschent a Foyeren a Strukturen. Déi aner Hallschent wier privat logéiert. Vun hinne wéilten der vill zréck an hir Heemecht, seet d’Marianna Pogosova. “Et si vill Fraen a Kanner. Hir Männer a Pappe sinn dohannen.” Bis datt dat méiglech ass, kéint et awer nach daueren. Als éischt misst de Krich eriwwer sinn an da misst d’Infrastruktur an der Ukrain nees opgebaut ginn, ier d’Leit kéinten zréck goen. “Et si ganz Stied, déi futti sinn.”

D’Solidaritéit vun de Lëtzebuerger wier virun engem Joer erstaunlech grouss gewiescht, sou d’Inna Yaremenko: “Mir appreciéieren all dee Support.” 600 Familljen hätte sech gemellt, fir Flüchtlingen opzehuelen. An d’Associatioun huet 2,5 Milliounen Euro Spende gesammelt an nach eemol sou vill en nature.

Et wier wichteg, datt d’Leit weider géife spenden, sou d’Inna Yaremenko, och fir op der Plaz an der Ukrain ze hëllefen. Nieft den 112 Hëllefsgefierer, déi d’Associatioun an d’Ukrain wëll schécken, preparéiert LUkraine den Ament eng eegen humanitär Missioun.

D’Associatioun schéckt een als Bus ëmgebaute mobilt Spidol an eng medezinesch Ekipp aus Benevollen a bezuelten Dokteren an d’Gebidder op der Front. Do géif net just e Krich Russland géint Ukrain gefouert ginn, mee d’Ukrain géif fir ganz Europa kämpfen. “Russland ass en terroristesche Staat, dee Chantage mat Energie an Iesswuere mécht”, sou d’Inna Yaremenko.

Back to Top
CIM LOGO