WeltraumsecteurLëtzebuerg gräift an Zukunft méi nohalteg no de Stären

Marc Hoscheid
Zanter 2005 ass Lëtzebuerg Member vun der European Space Agency, kuerz ESA.
© MECO

All véier bis fënnef Joer gëtt d’Politik an d’Strategie vum Grand-Duché am Beräich Space analyséiert an nei ausgeriicht. En Dënschdeg war et d’Presentatioun vun der Space-Politik fir d’Joren 2023 bis 2027. An do huet sech Lëtzebuerg nawell éiergäizeg Ziler gesat.

Weltraumsecteur/Reportage Marc Hoscheid

Net manner wéi 256 Milliounen Euro solle vun 2023 bis 2027 zu Lëtzebuerg am Beräich vum Weltall investéiert ginn. 127 Milliounen Euro fléissen an d’ESA, 110 Milliounen an den nationale Programm LuxIMPULSE an 19 Milliounen an déi national Recherche. Am Prinzip knäppt déi nei Strategie un déi aktuell un, ma op ee Punkt wëll ee sech an Zukunft nach méi konzentréieren, wéi de Wirtschaftsminister Franz Fayot ënnersträicht.

Wat anescht ass a wat nei ass, ass, datt mer eis an Zukunft vill méi op d’Nohaltegkeet fokusséiere wäerten. Dat war och scho virdrun ee Bestanddeel, mee d’Nohaltegkeet ass elo wierklech de roude Fuedem, dee sech duerch eis Strategie zitt. Dat ass engersäits d’Nohaltegkeet vun den Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg, dat heescht, datt mer nach méi an och stabel Entreprisë kréien, déi sech hei entwéckelen.

De Begrëff Nohaltegkeet zitt sech also als roude Fuedem duerch déi nei Strategie. Ma gläichzäiteg hunn déi Responsabel och ëmmer nees ënnerstrach, datt de kommerziellen Aspekt ganz kloer am Virdergrond steet an déi Lëtzebuerger Approche Pionéiercharakter hätt. De Mario Grotz, President vum Conseil d’administration vun der Luxembourg Space Agency, erkläert wéi een de Spacesecteur am Grand-Duché opgebaut huet:

“Mir sinn anescht. Wéi mir de Secteur vum Space opgebaut hunn, ass anescht, wéi all déi aner Länner et gemaach hunn. All déi aner Länner hunn dat wierklech iwwer eng traditionell Spaceagence gemaach, déi Missiounen ausgeschriwwen hunn. Mir hu wierklech vun Ufank un op d’Entreprise gesat a mir hu vun Ufank un een Ekosystem geschaaft, wou mer d’Entreprisen an de Mëttelpunkt gesat hunn. Wou mer net nëmmen op de Fuerschungsaspekt gekuckt hunn, mee wou mer och ëmmer op de Businessplang vun der Entreprise gekuckt hunn.”

De Wirtschaftsminister Franz Fayot gesäit iwwerdeems kee Widdersproch doran, datt kommerziell Interessen am Mëttelpunkt stinn an ee gläichzäiteg op Nohaltegkeet an ethescht Verhale setze wëllt. Et wéilt een duerch kloer Gesetzer verhënneren, datt de Weltraum zu engem neie “wëlle Westen” gëtt, wou dee sech als éischt zerwéiert, deen als éischt do ass. Ma och him wier kloer, datt et bis zu engem globale juristesche Kader nach ee wäite Wee wier.

Doriwwer eraus soll och gekuckt ginn, datt d’Weltraumaktivitéiten hëllefen, Problemer op der Äerd, wéi beispillsweis de Klimawandel, nohalteg ze léisen. Et soll zudeem evitéiert ginn, datt sech ze vill Knascht am Weltraum usammelt. Fir déi Ziler ze erreechen, bräicht et een internationale legale Kader. De Franz Fayot ass sech awer bewosst, datt deen net esou einfach ze realiséieren ass.

Et ass natierlech ee ganz komplexe Beräich, wou och dee ganz wichtegen Aspekt vun der Defense mat eraspillt. Grouss Länner gesinn hir Sécherheets- a Verdeedegungsinterêten am Space. Dir hutt Recht, datt dat net perfekt ass, och dee Kader, deen elo do ass. Mee mir sinn der Meenung, datt eis Kaart an där Space-Ekonomie doranner läit, datt mer wierklech eppes maache mussen, wat responsabel ass.

Zu Lëtzebuerg gëtt et am Beräich vum Space aktuell ronn 70 Acteuren, déi eng 1.400 Persoune beschäftegen. Am Wirtschaftsministère a bei der Luxembourg Space Agency erwaart ee sech, datt déi Zuelen an den nächste Jore weider klamme wäerten.

PDF: Stratégie spatiale 2023-2027

Back to Top
CIM LOGO