Ëmwelt-PerformanceLëtzebuerg hannert Dänemark op der 2. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg steet bei der Ëmwelt-Performance ganz gutt do. Zu där Konklusioun kommen op d'mannst Fuerscher vun den amerikaneschen Unie Yale a Columbia.
© Domingos Oliveira / RTL

Beim "Environmental Performance Index" kënnt Lëtzebuerg op déi zweete Plaz, hanner Dänemark a virun der Schwäiz.

Analyséiert ginn ënner anerem d'Loft- an d'Waasserqualitéit, d'Gestioun vum Dreck, CO2-Emissiounen an aner Facteure vun der ëffentlecher Gesondheet.

Den Environmental Performance Index (EPI) ass ee Fuerschungsprojet vun zwou US-amerikaneschen Unien (Yale/New Haven a Columbia/New York) am Optrag vum Weltwirtschaftsforum Davos, fir een internationalen Ëmweltindex ze entwéckelen. Den Index soll Ëmweltleeschtunge vu Staate quantitativ vergläichen, fir eng erfollegräich Ëmweltpolitik ze fërderen an donieft versichen, fir déi aktuell international Entwécklungsziler vun de Vereenten Natiounen wëssenschaftlech ze ergänzen.

D'Top 25 vun 2020. Ze gesinn ass wéi sech d'Punkten an de leschte Jore verännert hunn.
D'Top 25 vun 2020. Ze gesinn ass wéi sech d'Punkten an de leschte Jore verännert hunn.
© Screenshot / EPI

Back to Top
CIM LOGO