Drécken der Landwirtschaft hire Stempel opLëtzebuerger Bauerefraen op drëtter Soirée de l'agriculture ausgezeechent

Marc Hoscheid
2026 gouf vun de Vereenten Natiounen nämlech zum internationale Joer vun de Fraen an der Landwirtschaft ausgeruff. Ma et goufen nach weider Auszeechnunge verdeelt.

Wärend d'Baueren déi meescht Zäit vum Joer um Feld oder am Stall schaffen, ouni datt d'Ëffentlechkeet vill Notiz dovunner hëlt, ass dat op der Soirée de l'agriculture anescht. En Donneschdeg huet d'Wochenzeitung "De Lëtzebuerger Bauer" fir déi drëtte Kéier een Owend organiséiert, fir besonnesch Leeschtungen am Beräich vun der Landwirtschaft ze éieren.

3. Editioun vun der Soirée de l'agriculture / Reportage: Marc Hoscheid

Méi wéi 120 Leit haten de Wee an ee bekannte Sporthotel am Norde vum Land fonnt, dorënner gefillt bal sou vill Politiker wéi Baueren. D'Soirée de l'agriculture, déi all zwee Joer organiséiert gëtt, ass zanter hirer Première am Joer 2022 ëmmer weider gewuess. An de Kategorien ekologesch Vitalitéit, ekonomesch Diversifizéierung a soziaalt Engagement goufe jeeweils dräi Nominéierter op d'Bün geruff, vun deenen een e Präis iwwerreecht krut. Am Beräich Soziales gouf dëst Joer d'Sarah Haas ausgezeechent. Si bedreift zu Fluessweiler ee pedagogesche Bauerenhaff, wou ënnert anerem Leit mat Demenz betreit ginn.

"Do kann ee vill biografesch Aarbecht maachen, well déi meescht eeler Leit, déi sinn iergendwéi vun engem Bauerenhaff oder si hate Famill. Oft wa se um Haff ukommen a si richen dann d'Kéi, da kommen Erënnerungen op an da soe se: 'Bei eis huet et och sou geroch a mir haten dräi Kéi a mir haten zwou Geessen'. Do kommen Erënnerungen erop an hinne geet d'Häerz op, soen ech ëmmer, wann da vun alen Zäite geschwat gëtt."

Déi eeler Leit kommen awer net nëmme mat Déieren, mee deelweis och mat klenge Kanner a Kontakt, wat fir béid Säiten eng immens flott Erfarung wier.

Den Daniel Rossler huet ee Bauerebetrib zu Knapphouschent. Fréier konventionelle Schwéngsbauer, huet e virun enger Partie Joren op Bio-Champignonen ëmgestallt, dat virop, well et am Secteur vum Schwéngefleesch ganz schwiereg wier. Hien huet dëst Joer de Präis fir ekonomesch Diversifizéierung gewonnen a wëllt sech an Zukunft nach méi breet opstellen.

"Wéi och lo hei gesot ginn ass, wëlle mer bëssi an d'Produktioun vu Beerenobst goen, Aroniaen, do hu mer lo och eng Vermaartung opgebaut, déi komme lo deemnächst an den Ertrag an dann hoffe mer, och domadder ee Projet fir d'Zukunft vun eisem Betrib kënnen ze gestalten."

D'Wënzerin Corinne Kox vu Réimech krut de Präis am Beräich ekologesch Vitalitéit fir ee Projet, bei deem am Wéngert Beem, Hecken a Blumme geplanzt ginn. Doduerch soll ënnert anerem d'Diversitéit vun de Mikroorganismen am Buedem méi héich ginn.

Weider Präisser goungen un de Label vum Séi mat senge villen ënnerschiddleche Produiten an un d'Nora Feyder, déi virun e puer Woche vun der Welternierungsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen als eng vun Honnert Heldinnen aus der Landwirtschaft ausgezeechent gouf.

An da goufen och d'Lëtzebuerger Bauerefrae geéiert. Stellvertriedend fir all d'Fraen aus dem Secteur huet d'Marianne Pesch-Dondelinger de Präis entgéintgeholl a betount, datt Fraen der Landwirtschaft op verschidden Aart a Weisen hire Stempel opdrécken.

"Ech sinn net vum Bauer hier gewiescht, ech hu mech mat engem Bauer bestuet an där jonk Frae ginn et entretemps ëmmer méi. Déi eng fanne sech am Betrib zeréck, déi schaffe mam Partner um Betrib, et ginn der awer natierlech och ganz vill, déi auswäerts schaffe ginn an eventuell just zäitweileg zu de Spëtzestonnen hëllefen. D'Landwirtschaft huet sech och fir d'Frae geännert, d'Fra ass entretemps net nëmme méi, d'Mod ass ee schlecht Wuert, mee soss war de Mann einfach Chef d'équipe an d'Fra war dobäi a lo ass et eng ebenbürdig Partnerschaft."

Mëttlerweil wier een als Fra an der Landwirtschaft dann och manner mat Virurteeler konfrontéiert wéi fréier.

Back to Top
CIM LOGO