
No Esch déi lescht Woch ginn haut d’Chrëschtmäert an der Stad Lëtzebuerg op. Et ass déi offiziell Ouverture vun de sougenannte Winterlights. 1,3 Millioune Liichtercher – alles LED – sollen uechter d'ganz Stad liichten.
D'Mäert an d'Äispist gi bis den 3. Januar. D'Liichtercher bleiwe souguer bis den 10. Januar un.
An der Stad ass op 6 Plaze Chrëscht- an Adventsstëmmung. Ënnert anerem op der Plëss mat 37 Chaleten an engem 15-Meter-héije-Bam, deen aus Däitschland vu Bonn koum.

Bei der Gëlle Fra goufen 39 Chaleten opgestallt, e Riserad an e renovéiert, traditionellt Kette-Karussell.
Bis zu zwou Millioune Leit gi sech fir déi nächst 6 Wochen an der Stad erwaart.