Foire Agricole"Lëtzebuerger Landwirtschaft - eng Traditioun mat Zukunft"

RTL Lëtzebuerg
No 2 Joer Pandemie kann d'Foire Agricole zu Ettelbréck dëst Joer erëm a gewinnter Form stattfannen. Dat vum 1. bis den 3. Juli.
De Jeff Boonen iwwert d'Foire Agricole 2022
No 2 Joer Pandemie kann d’Foire Agricole zu Ettelbréck dëst Joer erëm a gewinnter Form stattfannen. Dat vum 1. bis den 3. Juli.

En Dënschdeg am Nomëtteg war an deem Kontext den traditionelle Meeting vun de Partner vun der Foire, fir sech auszetauschen iwwert de Programm vun dësem Joer. Ënnert dem Motto “Lëtzebuerger Landwirtschaft - eng Traditioun mat Zukunft” steet vum 1. bis den 3. Juli alles am Zeeche vun der Landwirtschaft, wou d’Produzenten an d’Konsumente méi no beienee bruecht solle ginn. Et huet een awer och vun de Corona-Editioune geléiert, an dofir gëtt déi digital Form aus de leschten 2 Joer komplementar zu der traditioneller Foire agebonnen, wou d’Leit permanent gesinn, wat um Site leeft.

Dofir wäerte mer och den FAE TV, dee mer wärend der Pandemie gegrënnt hunn, dëst Joer bäibehalen, fir de Leit, déi net kommen, ze weisen, wat mer ze bidden hunn, an och am Virfeld ze weisen, wat mer ze bidden hunn a permanent ze weisen, wat um Site vun der Foire Agricole leeft, esou de Jeff Boonen, ee vun den Organisateuren.

Dëst Joer ginn donieft awer och eng Partie Gebiertsdeeg gefeiert, wéi de Jeff Boonen erkläert. Et si véier grouss Anniversaire vun Déierenzuchtorganisatiounen, déi och all e grousse Programm hunn, hir Déieren weisen, Concoursen maachen an och Showen. Et géif een op ganz vill Traditioun zréckblécken. D’Ziichter-Traditioun, mä och d’technesch Traditioun, mä et kann een och gesinn, wou d’Landwirtschaft an Zukunft soll higoen.

Et wier wichteg, sech am Virfëld auszetauschen, well d’Foire Agricole haptsächlech vum Benevolat vun den Organisatiounen aus der Landwirtschaft lieft. Dofir wier et wichteg fir de Programm zesummen ze gestalten. Datt jiddereen erkläre kann wat e wëlles huet a mer eis ënnerteneen austauschen, datt d’Programmer och lanschtenee ginn a mer e chronologesch gutt opgebaute Programm kënnen ubidden.

Foire Agricole / Reportage Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO