Zentrum fir RechercheLëtzebuerger LSA ënnerschreift Kontrakt mat der NASA

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg wëll en europäeschen Zenter fir Recherche op d'Bee stellen. Dowéinst huet een elo e Kontrakt mam Welt-Leader am Beräich ënnerschriwwen.
© (NASA/Aubrey Gemignani)

De But vun dësem Zenter ass et, fir erauszefannen, wéi ee Ressourcen aus dem Weltall kann ofbauen, ëmwandelen a notzen. Fir dëse Centre de Recherche weider ze bréngen, huet d'Luxembourg Space Agency (LSA) um Dënschdeg den Owend eiser Zäit e Kontrakt mam Leader an dësem Secteur, der amerikanescher National Aeronautics and Space Administration, kuerz NASA, esou wéi och mat Däitschland ënnerschriwwen.

Esou wäerte béid Agencen an Zukunft an dësem Beräich zesummeschaffen. Dëst weist, datt déi Lëtzebuerger Eruewerung vum Weltall grad eréischt ugefaangen huet.

De Philip Crowhter hat den Jim Bridenstine, Chef vun der NASA am Interview.
De Philip Crowhter hat den Jim Bridenstine, Chef vun der NASA am Interview.
© (NASA/Aubrey Gemignani)

Schonn zanter 1985 ass de Grand-Duché am Weltall aktiv, dat mam Grënne vun der SES. 20 Joer méi spéit ass Lëtzebuerg du Member vun der ESA, also der European Space Agency ginn. Zanter 2016 huet d'Land dann och ekonomesch Interessien am Weltall ugemellt, spréch, et wëll een hei Ressourcen ofbauen, déi op der Äerd kënne genotzt ginn. Dofir huet sech d'Regierung extra e legal Kader ginn, well ee sech erhofft, datt dës Mineralien eppes kënnen abréngen.

Eisen US-Korrespondent Philip Crowther iwwer LSA an NASA
...

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider sot eis iwwerdeems an engem RTL-Interview, dass de Space-Secteur duerchaus eppes kéint sinn, wou hie sech seng Zukunft no der Politik kéint virstellen.

Den Etienne Schneider iwwert seng Zukunft no der Politik

Den Etienne Schneider hat jo viru kuerzem bei eis op der Antenn confirméiert, dass hien no spéitstens 10 Joer als Minister wäert ophalen.

Le Luxembourg a signé un accord de coopération avec la Nasa
Retour sur les ambitions spatiales du Grand-Duché avec Etienne Schneider
Weider Detailer ginn et bei de Kollege vun

RTL 5Minutes.

PDF: Schreiwes vun der US-Embassy

Back to Top
CIM LOGO