Am Alter vun 105 Joer gestuerwenLiewen a Wierke vum BD-Kënschtler a Schrëftsteller Pe'l Schlechter

Christiane Kremer
D’Christiane Kremer erënnert un e kreativen, dynameschen a sympathesche Mann, dee mat vill Humor an Optimismus duerch d’Liewe gaangen ass.
De Paul Schlechter bei enger Liesung.
De Paul Schlechter bei enger Liesung.
© RTL Archiv

Hie gëllt als ee vun de Pionéier vun der Comic-Zeechnung zu Lëtzebuerg, huet joerzéngtelaang als Grafiker d’Plakater vun der Lotterie Nationale an der Foire entworf a krut mat 92 Joer de Buchpräis fir "De Pol muss an de Krich". Elo ass de Pe'l Schlechter am héijen Alter vun 105 Joer gestuerwen.

Noruff Pe'l Schlechter - Reportage Christiane Kremer

Den 20. Abrëll 1921 koum de Pe’l Schlechter als jéngste Fils vum Auteur Demy Schlechter an enger Kënschtlerfamill op d’Welt, de Papp ass gestuerwe wéi de Bouf zwee Joer al war. Keng einfach Situatioun fir d’Mamm, déi sech - ouni Pensioun - mat hire fënnef Kanner huet mussen duerchschloen. Dee Jéngsten, de Paul, gouf awer ganz séier Pe’l genannt an huet deen Numm och bäigehalen - quasi als Kënschtlernumm.

"Ech sinn als klenge Bouf schonn esou genannt ginn an dono, wéi ech méi grouss gi sinn a wéi ech mech e bëssen an eng méi artistesch Karriär lancéiert hunn, do hunn ech geduecht, mee dat ass e flotten Numm, deen net grad jiddereen huet. Dat heescht ech hu gemengt um Lampertsbierg wier ech deen Eenzegen, deen deen Numm géif droen. An dat war guer net wouer, ech si mat der Zäit gewuer ginn, mir waren um Lampertsbierg zu fënnef, déi alleguer Pe’l mam Virnumm geheescht hunn."

Wéi ech him mat Kamera fir säin 100. Gebuertsdag wënsche war, huet hien d'Dier opgemaach a wéi e Lausbouf gemengt: "Mir kafen näischt!" E lëschtege Moment, deen ech vum Pe'l Schlechter fir ëmmer wäert verhalen. Mee dann ass do jo och nach säi Wierk dat bleift. Um Ufank war et de Comic-Zeechner, deem seng Geschichten "De Bim an de Jop" jorelaang der Revue publizéiert goufen an duerno de Grafiker mat senger ville Plakaten an Affichen. Als jéngste Fils vum Auteur Demy Schlechter a Brudder vum Ger Schlechter koum hien an enger Kënschtlerfamill um Lampertsbierg op d’Welt. Mole war vun Ufank u seng Passioun.

"Ech hu mat sechs Joer scho meng eegen Neijoerschkaarte gemoolt, fir menge Grousselteren ze schécken oder soss an d’Famill. Dat war am Fong den Ufank vu menger grousser Karriär."

Hie war Autodidakt, mee duerch dës besonnesch Begeeschterung fir d’Molen ass de Pe’l Schlechter nom Passageexamen an d’Handwierkerschoul komm an huet Baufach geléiert. Seng éischt professionell Erfarungen huet en an Architektebüroe gemaach, mee niewelaanscht war hie schonn als Grafiker aktiv an huet Affichen entworf. D’Demande no Publicitéit gouf ëmmer méi grouss an de Pe’l Schlechter huet sech selbststänneg gemaach. An de Joerzéngten dono huet hien ëmmer nees fir d’National-Lotterie an d’Foire geschafft.

De Pe'l Schlechter koum den 20. Abrëll 1921 als jéngst vu fënnef Kanner op d'Welt.
De Pe'l Schlechter koum den 20. Abrëll 1921 als jéngst vu fënnef Kanner op d'Welt.

Vun Neijoerschkaarten eriwwer bei d'BD

D’Molen an d’Zeechne waren dat eent, Geschichten erzielen dat anert. Nom Krich Joren ass de Pe’l Schlechter ee vun den éischten BD-Zeechner ginn, dee virun allem fir d’Revue geschafft huet. Entstanen ass dat Ganzt nodeems den Emile Probst, ee vun de Grënner vun der Revue, hie gefrot huet, fir déi lescht Säit mat Zeechnungen a witzege Geschichten ze fëllen.

"Do sinn ech op d’Iddi komm: ech erfannen eng Geschicht, dann hunn ech wéinstens ëmmer eng Upak, fir déi nächste Kéier virunzefueren, mee ech wousst ni, wéi d’Geschicht géing virufueren."

Bekannt a populär gouf säi Comic "De Bim an de Jopi", deen an zwou Geschichten a vun 1948 bis 1952 an der Revue publizéiert gouf.

Eréischt am héijen Alter huet de Lampertsbierger och ugefaangen aner Geschichten nidderzeschreiwen. Mat 90 Joer huet de Pe'l Schlechter sech un d'Schreiwe ginn. 2013 koum säin éischt Buch eraus. "De Pol muss an de Krich" sinn autobiographesch Erzielungen aus der Zäit, wéi en an d’Wehrmacht zwangsrekrutéiert gouf an dunn an Holland verstoppt war.

"Meng Kanner, déi hu gesot, wann ech Souveniren aus dem Krich zum Beschte ginn hunn: 'O komm, mir hunn dat do scho sechs Mol gehéiert, schreif et op an da kanns de jidderengem dat weisen an da léisst de eis mat Rou'."

Dofir krut hien de Buchpräis. Et wier säin éischt a lescht Buch hat hie mir deemools an engem Interview erzielt. Mee dobäi ass et net bliwwen. Et koumen nach eng Rei Publikatiounen no - ëmmer op Lëtzebuergesch, déi Sprooch déi him besonnesch um Häerz louch. Datt et eng nei Orthographie gouf, huet hie begréisst, mee, wéi sot hien, "et ass nach net déi lescht".

"Dat ass bestänneg an engem Wandel begraff. Dat ass jo kloer, et komme Wierder aus der Mond an et kommen all Dag neier derbäi. Eng Sprooch ass eppes Lieweges, wat sech stänneg entwéckelt. Da kann een net einfach op der Plaz stoe bleiwen."

De Pe'l Schlechter op de Walfer Bicherdeeg 2024.
De Pe'l Schlechter op de Walfer Bicherdeeg 2024.
© RTL-Archiv

Et wier säin éischt a säi lescht Buch, hat de Pe’l Schlechter dobäi preziséiert. Mee schonn d’Joer drop koume mat "Wéini kënnt fréier erëm" Kandheetserënnerungen eraus. Elo hätt hien awer näischt méi ze soen, sot de Pe’l Schlechter deemools an engem Interview. Och dat huet net gestëmmt. 2023 an 2024 koume weider Publikatiounen - ëmmer op Lëtzebuergesch, déi Sprooch, déi him – wéi scho sengem Papp – besonnesch um Häerz louch.

Zesumme mat sengem Brudder Ger Schlechter ass hie mat der Dicks-Rodange-Lentz-Plackett vun der Aktioun Lëtzebuergesch ausgezeechent ginn. Datt et elo eng nei Orthographie gëtt, huet e begréisst, "mee et ass och nach net déi lescht".

"Neen, ech fannen dat normal, wann ee wëllt aus - loosse mer et riicht eraus soen - aus engem Dialekt eng Sprooch maachen, da kann dat net an Zäit vun dräi Joer an och net vun 10 Joer oder 20 Joer goen, da geet dat iwwer X Generatiounen an dat ass bestänneg an engem Wandel begraff. Dat ass jo kloer, et komme Wierder aus der Moud an et kommen all Dag neier derbäi. Eng Sprooch ass eppes Lieweges, wat sech stänneg entwéckelt. Da kann een net einfach op der Plaz stoe bleiwen."

2024 war de Pe'l Schlechter nach emol fir de Buchpräis nominéiert an och mat Freed bei der Zeremonie derbäi, grad wéi bei der Feier fir säin 105. Gebuertsdag. Hie war e sympatheschen an optimistesche Mënsch, deen trotz e puer Boboe ganz geselleg war an ëmmer gär gelaacht huet. E Laachen, dat ugestach huet.

Léiwe Pe'l, dat wäerte mer besonnesch vermëssen. A Merci fir all d'Geschichten an d'Biller, déi eis bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO