Ausstellung "Best of Posters"De Pe'l Schlechter ass gutt vertrueden

RTL Lëtzebuerg
Den 101 Joer ale Lëtzebuerger Grafiker a Schrëftsteller huet sech an den 1950er Joren en Numm gemaach mat sengen ofwiesslungsräichen Affichen.
De Pe'l Schlechter ass gutt vertrueden
Den 101 Joer ale Lëtzebuerger Grafiker a Schrëftsteller huet sech an den 1950er Joren en Numm gemaach mat sengen ofwiesslungsräichen Affichen.

Am Luxembourg City Museum ass Ufank Oktober eng nei Ausstellung opgaangen, mam Titel “Best of Posters”. Am Géigendeel zu de meeschten Ausstellungen hunn déi zwou responsabel Curatricen, Kyra Thielen an Anne Hoffmann awer just eng Pre-Selektioun vun den iwwer 2.500 Affichen aus dem Musée sengen Archive gemaach. D’Affichen, déi am Endeffekt ausgestallt ginn, goufe vu 6 verschiddene Jury-Gruppen ausgesicht, déi dem Musée säi Publikum representéieren.

© RTL

Ee vun de Grafiker, deen heefeg an der Ausstellung vertrueden ass, ass de Pe’l Schlechter. Am Laf vu senger Karriär huet hien iwwer 120 Affichë gemoolt, woubäi e sech gäre mat verschiddenen Themen, Schrëftzich an Zeechestiler auserneegesat huet. Déi Diversitéit ass elo och an der Ausstellung ze gesinn. Eng vu sengen Affichë gouf vum Jury och als Nummer 1 ausgezeechent.

D’Ausstellung “Best of Posters” kann een nach bis de 14. Januar 2024 am Luxembourg City Museum kucke goen. Méi Informatiounen dozou fannt Dir hei.

© Valeria Wiwinius

Back to Top
CIM LOGO