Frënn vun der Militär-Aviatioun koumen op hir Käschten"Luxembourg Defence Open Air Days 2024" um Findel
Wie sech fir Militärfliger begeeschtert, kënnt dëse Weekend um Findel voll op seng Käschten.
"D'Luxembourg Defence Open Air Days 2024" um Findel
D’Frënn vun der Militär-Aviatioun sinn op hir Käschte komm
Do sinn nämlech “d’Luxembourg Defence Open Air Days”, An deem Kader ass zum Beispill de Lëtzebuerger Militärfliger, A400M, um Fluchhafe stationéiert. Och den Tankfliger, A330 kann ee sech vu ganz no ukucke kommen. Et besteet och d’Meiglechkeet, an dei verschidde Fligeren era kucken ze goen.
Luxembourg Defence Open Air Days 2024 (21.9.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Och en Düsen-Jet vun der belscher Arméi steet um Findel. Do dernieft gesäit een de Fliger vun der Air Rescue, de Policehelikopter a ganz vill Material vun der Lëtzebuerger Arméi.
Luxembourg Defence Open Air Days 2024 (20.9.24)
Preparative fir d'Porte Ouverte.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
6.000 Leit hu sech am Virfeld fir Luxembourg Defence Open Air Days 2024 ugemellt gehat. Dat sinn der 2.000 méi ewéi virun 2 Joer.
E Samschdegowend am Journal gitt Dir méi iwwert “d’Luxembourg Defence Open Air Days” gewuer.