Parlamentaresch Rentrée Déi GréngMam Fanger op déi weisen, déi bremsen

Diana Hoffmann
Déi Gréng haten en Dënschdeg d’Press fir en Echange am Kader vun der parlamentarescher Rentrée invitéiert.
Parlamentaresch Rentrée Déi Gréng
Déi Gréng haten en Dënschdeg d’Press fir en Echange am Kader vun der parlamentarescher Rentrée invitéiert.

Parlamentaresch Rentrée Déi Gréng - Reportage Diana Hoffmann

Zwou an eng Hallef Woch gouf elo scho probéiert d’Grënn ze ermëttelen, wisou déi Gréng déi grouss Verléierer vun de leschte Chamberwale sinn. Och dësen Dënschdeg ass an deem Kontext d’Wuert Multifaktoriell gefall. Elo wëllt een awer an d’Vergaangenheet kucken, fir fir d’Zukunft ze léieren.

“Mer hunn de Lien mat der Basis verluer”, seet d’Sam Tanson. Wärend den zwou Walen dëst Joer hätt een de Kapp ze vill am Guidon gehat. Elo wéilt een awer intensiv Member-Aarbecht maachen. Iwwert e Froebou gëtt sech Feedback vun dësen ageholl. Op d’mannst eng positiv Nouvelle géing et awer fir déi gréng. “All Woch komme Member bäi”, freet sech d’Co-Parteipresidentin Djuna Bernard. Antëscht wier ee bei iwwer 1.200. Nieft der interner -, gëtt awer och eng extern Analyse gemaach, fir déi lescht 5 Joer an der Regierung an d’Walcampagne opzeschaffen.

Eng éischt Léier wëllen déi Gréng awer schonn aus der Waldefaite zéien. Se wëllen un hirer Kommunikatioun no bausse schaffen. “Mer mussen eis d’Fro stellen, wéi brieche mer komplex Themen, wéi ënner anerem de Klimawandel, esou erof, dass se verständlech sinn”, analyséiert de François Bausch. D’Partei wier éischter kapplasteg gewiescht an hätt Schwieregkeete gehat, Inhalter emotional ze vermëttelen, fir de Leit Loscht ze maachen. Et wier een natierlech net deen eenzegen, dee sech freet, wéi ee soll mat der Problematik ëmgoen. Europawäit sti gréng Parteie virun der selwechter Erausfuerderung.

“Et war eng Wiesselstëmmung do, d’Leit wollten eng aner Regierung”, erkennt d’Sam Tanson un. De Luc Frieden hätt awer gewosst, dass d’Situatioun net favorabel wier, fir déi Verspriechen, déi hie gemaach huet. Si geet dovunner aus, dass elo gesot gëtt, dass Verspriechen, wéi eng Steiererliichterung fir jiddereen, temporär ausgesat ginn. Fundamental Ongerechtegkeete missten awer direkt behuewe ginn. Dass dat der neier Regierung geléngt, dorunner huet si nach hier Zweiwel: “Wann ee gesäit, dass bei der Verhandlungsdelegatioun fir de Logement bei der CSV 40 Prozent vun de Leit am Beräich vun der Promotion immobilière täteg sinn, muss ee sech froe wat dat bedeit?”. Den Haaptproblem vum Wunnengsmaart wier jo, dass net genuch abordabele Wunnengsbau do ass. Aus deene Secteure géing awer kee mat um Dësch sëtzen.

De François Bausch schléisst dann nach aus den Defaiten, dass d’Partei an der Regierung wuel ze vill solidaresch war. D’DP an d’LSAP wieren dat net ëmmer gewiescht. Elo misst een e kritesche Bilan maachen, fir e besseren Equiliber ze fannen.

“Villäicht hätt een en général ze vill versicht, deen eenzelen ze moraliséieren, wéi op déi ze weisen, déi ze bremsen”, reflektéiert de François Bausch. Et wier op alle Fall an 80 Prozent vun de Fäll net den Naturschutz gewiescht, deen zum Beispill de Logement gebremst huet. Dacks wieren et d’Gemenge gewiescht. Hie verweist op de Projet Kuelebierg um Kierchbierg, wou et net viru geet, oder op e Parking beim Athénée, deen d’Stad Lëtzebuerg net wëllt hierginn fir abordabele Wunnraum.

Als nächst huet een dann d’Europawalen am Bléck. Dës hätten en enormen Enjeu, huet de Co-Parteispriecher Meris Sehovic betount. Och do géing et nämlech fir progressiv Politik a Saachen Ëmweltschutz a Sozialgerechtegkeet ëmmer méi enk ginn.

Back to Top
CIM LOGO