NidderkäerjengMann an engem Café mat engem Messer an den Hals gepickt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war et an engem Café an der Avenue de Luxembourg zu Nidderkäerjeng zu enger Ausernanersetzung komm.

Wéi d’Police RTL op Nofro hi confirméiert huet, wier hei eng Persoun mat engem Messer um Hals blesséiert ginn.

De presuméierten Täter konnt iwwerdeems an der Géigend vum Café ermëttelt ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a weider Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO