
Uschléissend war hie mat enger Eisestaang op Passante lassgaangen. Eng Persoun gouf hei liicht um Bee blesséiert a koum fir eng Kontroll an d’Spidol. D’Polizisten hunn en Ugräifer immobiliséiert a mat op de Policebüro geholl. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäi vum Mann gouf agezunn. Hien huet d’Nuecht am Passagearrest verbruecht.
Iwwerdeems mellt d’Police 2 Déifställ, zu deenen et am Laf vum Weekend komm ass.
E Samschdeg am Nomëtteg haten 2 Onbekannter engem jonke Mann op der Stater Gare den Handy aus der Boxentäsch geklaut. Duerno ware si fortgelaf. D’Police konnt déi 2 presuméiert Täter am Kader vun enger Enquête identifizéieren. De geklauten Handy gouf bei hinne saiséiert.
Ee vun de Männer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
E Sonndeg den Owend haten d’Beamte vun der Stater Police dann e Mann ermëttelt, dee verdächtegt gëtt an der Nuecht op e Samschdeg an der Stad eng Halskette geklaut ze hunn. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.