Gaspistoul, alkoholiséiert a bekifftMann fuchtelt zu Schengen mat enger Waff am Auto ronderëm

RTL Lëtzebuerg
An engem anere Fall vun Alkohol um Steier ass e Chauffeur wärend dem Fueren op der Strooss einfach komplett stoe bliwwen, wuel verstanen op der Autobunn.
Nogestallte Foto
Nogestallte Foto
© RTL-Archiv

E Samschdeg am Nomëtteg géint 16:25 Auer gouf der Police eng verdächteg Persoun gemellt, déi an engem Auto, matten an der Strooss zu Schengen (Op der Stee) mat enger Waff hantéiert soll hunn. Direkt e puer Patrullen hu sech dunn op d'Plaz gemaach. De genannten Auto konnt du schliisslech bei der privater Adress vum Chauffeur lokaliséiert ginn.

Bei der Kontroll vum Auto hunn d'Beamten dunn eng mat CO2 bedriwwe Softair-Waff, an anert Ekipement dofir fonnt. Dës Géigestänn gouf séchergestallt. Well d'Police beim Chauffeur Unzeeche vun Alkohol a méiglechen Drogekonsum festgestallt hunn, goufen entspriechend Tester duerchgefouert. Souwuel den Alkoholtest, wéi och den Drogeschnelltest op Cannabis ware positiv.

De Fürerschäin vum Mann gouf agezunn a krut e Fuerverbuet. Da goufen et Protokoller wéinst Fueren ënner Alkohol- an Drogenafloss, sou wéi wéinst d'Verstousse vum Waffegesetz.

Géint 23 Auer da gouf der Police e weideren opfällege Chauffeur gemellt. Dëse war op der A4 a Richtung Stad ënnerwee an ass dobäi a Schlaangelinne gefuer. Ëmmer nees soll de Chauffeur seng Vitess staark gewiesselt hunn an ass souguer e puer Mol matten op der Autobunn stoe bliwwen. Eng Patrull vun der Police konnt de Chauffeur dunn zu Uewerkuer op enger Kräizung unhalen a kontrolléieren.

Den Alkoholtest war natierlech positiv an de Permis gouf agezunn. De Chauffeur krut och nach e Fuerverbuet dobäi.

Back to Top
CIM LOGO