
Zu Bettenduerf goufen an der Nuecht op e Samschdeg déi véier Pneuen vun engem Auto beschiedegt, deen op enger ëffentlecher Parkplaz stoung. Éischten Erkenntnisser no goufen d'Pneuen vun engem onbekannten Täter mat Hëllef vun engem net definéierte Géigestand zerpickt.
Da goufen der Police nach zwee Fäll vun Vandalismus zu Reisduerf gemellt. Hei goufen zwou Hausdieren vun zwee Wunngebaier beschiedegt, dat an der Route de Larochette. Wéi bis ewell gewosst ass, soll eng onbekannte Persoun zu verschiddenen Zäitpunkte géint déi jeeweileg Diere geschloen hunn.
Bei engem vun den Diere gouf dobäi d'Schlass futti gemaach. Beim zweeten Haus, dat direkt niewendrun ass, goufe keng visibel Beschiedegungen un der Dier festgestallt, allerdéngs konnt dës net méi zougespaart ginn. A kengem vu béide Fäll ass den Täter awer an d'Haus eragaangen, et gouf och näischt geklaut.