Um BelairMann geréit mat Mataarbechterin a Sträit a geheit mat Steng op Fënster

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg hate Beamte vun der Police an der Areler Strooss um Belair missen intervenéieren, well hei eng Persoun randaléiert hat.
An der Areler Strooss um Belair hat e Mann eng Fënster mat engem Stee beschiedegt.
© PxHere

D'Police krut géint 14:45 Auer e Mann gemellt, dee Steng géint d'Fënster vun engem Bürosgebai geheie géing. Si konnten hien op der Plaz untreffen. Et hat sech erausgestallt, datt hie mat enger Mataarbechterin an e Sträit geroden ass an duerno e Steen géint d'Fënster geheit an dës beschiedegt huet.

Bei der Kontroll huet sech iwwerdeems erausgestallt, datt de Mann keng gülteg Openthaltsgeneemegung hat. Op Uerder vum Ausseministère koum hien no enger medezinescher Kontroll an de Centre de rétention.

Back to Top
CIM LOGO