Aus dem PolicebulletinMann no Flucht a geklautem Auto festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Um fréie Freide Moie krut d'Police e geklauten Auto an der Zitha-strooss am Stater Garer Quartier gemellt.

Wéi de Chauffer d’Beamte gesinn huet, huet hie versicht mam Gefier ze flüchten. Den Automobilist konnt awer beim Rond-point Gluck gestoppt ginn.

Allerdéngs koum et dobäi zu enger Kollisioun tëscht dem geklaute Gefier an engem Policeauto. De Chauffer gouf immobiliséiert, festgeholl an hat dono Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Den Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO