
An der Nuecht op en Donneschdeg gouf der Police e schwéier blesséierte Mann an der Haaptstrooss zu House gemellt. Et soll hei zu engem Sträit tëschent dem Mann an enger weiderer Persoun an engem Café komm sinn, dee sech zu enger Kläpperei baussen op der Strooss entwéckelt huet.
D'Affer gouf dobäi schwéier verwonnt an huet mussen an e Spidol bruecht ginn. Den Täter ass fortgelaf a konnt bis ewell och net fonnt ginn. D'Police huet doropshin eng Enquête lancéiert.