Fuerderung vun déi Lénk"Mannerjäreger dierfen net méi am Retentiounszenter ënnerbruecht ginn!"

RTL Lëtzebuerg
"Dëst misst carrement verbuede ginn", fuerderen déi Lénk via eng Proposition de loi, déi e Freideg an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert gouf.
© RTL-Archiv

Obwuel den Text vun déi Lénk ewell virun 3 Joer vun den deemolegen Deputéierte Marc Baum an David Wagner deposéiert gi war, gouf en elo eréischt an der Kommissioun diskutéiert.

Bannent de leschte 5 Joer ware 5 Famillje mat enger Dose Mannerjäregen am Centre de rétention um Findel placéiert ginn, dat fir eng Dauer vun an der Moyenne zwee Deeg. Fir eng Alternativ fir Familljen ze fannen, déi mussen zeréck an hir Heemecht bruecht ginn, gëtt beim aktuelle Retentiounszenter eng zoue Struktur gebaut, wou d’Strukturen net un e Prisong sollen erënneren. Fir déi Lénk stellt dëst awer keng wierklech Alternativ duer.

Fir eng aner Iddi - d’Schafe vun enger “maison de retour” gouf bis ewell nach keen Terrain fonnt, huet et e Freideg vun de Responsabelen aus der Immigratiounsdirektioun geheescht.

Déi aktuell Alternativ zum Centre de rétention stellt de SHUK um Kierchbierg duer, wou eng 100 Asyl-Demandeure placéiert sinn.

Wéi d’Deputéiert Nathalie Oberweis e Freideg argumentéiert huet, dierften esou Placementer am Zenter fir Asyldemandeuren net “als läscht Méiglechkeet” ugesi ginn, wëll den “intérêt supérieur” vum Jonke misst priméieren.

D’Deputéiert gouf och als Rapportrice vun der Gesetzes-Propositioun genannt.

Eréischt dës Woch haten déi Lénk eng Chamberdebatt iwwert de Placement vu Kanner initiéiert a kritiséiert, datt d’Regierung géif weiderfueren, fir prioritär Jonker an Institutiounen ze placéieren, obwuel dëst e vereelzte Modell aus dem 20. Joerhonnert wier.

Communiqué vun déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO