No zwee Joer Sozialkonflikt funktionéiert de Sozialdialog nees. Ufanks Juni war d'Tripartite erfollegräich. Virun der Summerpaus gouf et en Duerchbroch beim Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg. Patronat a Gewerkschafte schwätzen nees mateneen.
Doriwwer schwätze mir mat eisem Invité vun der Redaktioun dem Marc Lauer. Hien iwwerhëlt den 1. Oktober d'Presidence vun der Unioun vun den Entreprisen UEL vum Michel Reckinger. Mir froen de Marc Lauer, wat hie sech zwee Joer virun den nächste Wale vun der CSV-DP Regierung erwaart.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.