Invité vun der Redaktioun (9. Januar) - Margot Heirendt"Den Tubak zu Lëtzebuerg muss endlech méi deier ginn"

Claude Zeimetz
E Freideg de Moie ware Vapes, Zigaretten an Nikotin-Säckelcher Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Margot Heirendt
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Kriibsfondatioun begréisst déi lescht Verschäerfunge vum Antitubaksgesetz, hätt sech awer gewënscht, datt d’Regierung nach méi wäit geet. Virun allem misst den Tubak zu Lëtzebuerg och ee fir alle mol méi deier ginn. D’Fondation Cancer bedauert och ausdrécklech, datt déi sougenannten “Vapes” also d’elektronesch Zigaretten, déi een ewech geheie kann, weider guer net reglementéiert sinn.

Déi nei Dispositiounen vum Fëmmgesetz sinn zanter dem Ufank vum Joer a Kraaft a limitéiere besonnesch Nikotinsachete ganz staark. D’Kriibsfondatioun hätt gär gehat, datt déi sougenannte Snusen wéi a verschiddenen anere Länner (Belsch, Frankräich zum Beispill) och zu Lëtzebuerg ganz verbuede ginn. Dat wier deen eenzege Moyen, datt se wierklech verschwannen, sou d’Directrice vun der Fondation Cancer Margot Heirendt e Freideg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Et wier awer elo schonn ee wichtege Schrëtt an der Kriibspreventioun gemaach ginn. Duerch dee ganz limitéierten Nikotingehalt, deen elo neierdéngs virgeschriwwen ass, géif et kee Sënn méi maachen nei sou Produiten z’entwéckelen. D’Nikotinsäckelcher gi grad vu Jonke consomméieren a maache ganz séier ofhängeg.

Antigesetz ass ze vill komplex ginn

D’Fondation Cancer huet dës Woch eng Infografik publizéiert, fir de Leit op ee Bléck ze weise wat déi Lëtzebuerger Gesetzgebung alles reegelt. D’Margot Heirendt huet e Freideg de Moien am Interview net verstoppt, datt d’Fondatioun selwer Krämpes hat alles zesummen ze droen. Den Text wier ganz sécher ze komplex ginn. Dobäi wier et wichteg fir d’Leit ze wësse wat d’Gesetz seet.

“Génération sans tabac": D’Leit wiere bereet méi wäit ze goen wéi d’Politik

Am Kader vun der Initiative “Génération sans tabac” huet Lëtzebuerg sech dozou engagéiert bis 2040 den Taux vun de Fëmmerte vun haut 23 op 5% erofzekréien. Ëmfroen, déi an deem Kontext vun der Fondation Cancer gemaach goufen, hätten erginn, datt d’Leit duerchaus fuerderen, datt Fëmmen op méi Plaze verbuede gëtt. Zum Beispill op de Busarrêten an den Terrassen. D’Etüd hätt souguer gewisen, datt deels Fëmmerte selwer domadder averstane wieren, datt d’Gesetz méi streng gëtt, sou d’Margot Heirendt.

“De Präis um Tubak muss an d’Luucht goen”

D’Kriibsfondatioun stéiert sech haaptsächlech awer um vergläichsweis niddregen Tubakspräis am Grand-Duché. Zigaretten a co a bleiwen, trotz klengen Haussen vun den Accisen, vill méi bëlleg, quasi hallef sou bëlleg wéi an den Nopeschlänner. An dat och ganz bewosst. De Finanzministère ass bis ewell net bereet op d’Recetten aus dem Tubakverkaf ze verzichten. Mir schwätzen hei vun ëmmerhin ronn 1,5 Milliarden Euro.

Aus der Siicht vun der Directrice vun der Fondation Cancer kéint et awer net sinn, datt Lëtzebuerg weider bei engem Präis fir en Zigarettepak vu 5,80 Euro “do dümpelt”. International Etuden géife kloer bewisen, datt déi Jonk guer net ufänken mat Fëmmen an aner Leit sech iwwerleeën opzehalen. Da misst een aner Recette sichen. Stéchwuert Zockersteier oder Steieren op Liewensmëttel, déi staark veraarbecht sinn. D’EU-Kommissioun ass effektiv amgaang u sou enger Ofgab ze schaffen.

Preventioun als Element vum Schoulprogramm

An den Ae vun der Direktesch vun der Kriibsfondatioun wier et wichteg d’Kanner schonn vu jonkem Alter un fir e gesonde Liewensstil ze sensibiliséieren a sou Kriibs ze verhënneren. D’Präventioun misst nach méi d’Schoulen erakommen a kéint duerchaus e fest Element vum Schoulprogramm sinn, sou eis Invitée haut. Respektiv kéint dee Volet och bei der geplangter Reform vun der “médecine scolaire” méi staark mat geduecht ginn.

“Kee Risiko heescht Null Alkohol”

D’Margot Heirendt huet um Freideg de Moie Versteesdemech gewise fir d’Wënzer, déi déi staatlech Ënnerstëtzung vun der Initiative “Dry January"- ee Mount ouni Alkohol jo kritiséieren. Als Fondation Cancer misst een drop opmierksam maachen, datt Alkohol Kriibs ausléise kann. Bei Frae virun allem och Broschtkriibs. Wann ee kee Risiko wéilt agoen misst ee ganz op Alkohol verzichten. Fir de Rescht kéint jiddereen beim “Dry January” matmaachen dee wéilt. Et géif kee gezwongen.

Invité vun der Redaktioun: Margot Heirendt

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO