
No 8 Joer verléisst d’Hjoerdis Stahl dee Posten a gëtt vum Mario Treinen ofgeléist, deen och an den Exekutiv-Comité vun der Post kënnt.
An deem Comité ginn dann och 2 supplementär Poste geschaf. Nei an den héije Gremium kommen de Finanzdirekter Luca Tagliabue an d’Kommunikatiounsdirektesch Isabelle Faber, déi och nei Cheffin vun de Ressources HUmaines gëtt.
Domat huet den Exekutivcomité vum Post-Grupp neierdéngs 8 Leit mat un der Spëtzt dem Generaldirekter Claude Strasser a mam Isabelle Faber als eenzeg Fra.