Police-BulletinMat engem Platten an ze vill Alkohol am Blutt op der A13 ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf um Donneschdeg géint 3 Auer eng Automobilist op der A13, Héicht Schëffleng ugehalen, well se d'Riicht net behalen huet.

Bei der Kontroll gouf festgestallt, dass de Won e Platten hat, ma och, dass d’Automobilistin ënner Alkoholafloss stoung. Si wollt awer keen Alkoholtest maachen. Wéinst eendeitegen Unzeechen, dass se ze vill gedronk hat, gouf de Fürerschäin awer agezunn.

Am fréie Mëttwoch den Owend ass enger Policepatrull zu Rodange eng Automobilistin opgefall. Den Alkoholtest war och hei positiv an de Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO