D’Rentrée steet virun der Dier, mee fir vill Studenten ass nach ëmmer eng wichteg Fro onbeäntwert: Wou wunnen? Besonnesch um Belval ass de Wunnraum knapp, gläichzäiteg ginn d’Liewenskäschten an d’Luucht.
D’Studiebäihëllef gouf rezent reforméiert – mee geet déi Hëllef wierklech duer? A wat sinn d’Schwaachpunkte vun der Reform? Dat froe mer de Moien de President vun der ACEL, der Associatioun vun de Studenten-Cerclen. De Mattis Noël ass kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.