Eng Rei Eltere wäerten et schonn iwwer Avenant matgedeelt kritt hunn. A ville private Betreiungsstrukturen ass den Tarif elo am Januar ëm 1 Euro d’Stonn eropgesat ginn. D’Elteren dierften d’Hausse selwer awer net am Portmonni spieren, de Staat géif déi iwwerhuelen. Dat erkläert de Paolo Fiorucci, President vun der FELSEA, der Federatioun vun de private Betreiungsstrukturen.
Den Tarif vum Chèque-Service-Accueil un d’Prestatairë gouf nämlech elo am Januar ëm 1 Euro d’Stonn erhéicht. Eng laangjäreg Doleance vun de Prestatairen. Trotz sëllegen Indextranche war den Tarif zanter ville Joren net ugepasst ginn. Fir vun der Hausse kënnen ze profitéieren, missten d’Strukturen awer hiren Tarif erhéijen.
D’Tariferhéijung hätt näischt mat der Reform vum Chèque-Service-Accueil ze dinn, ënnersträicht nach de Präsident vun der FELSEA. Do si grondleeënd Ännerunge virgesinn, déi och den Elteren zegutt kommen. D’Reform soll viraussiichtlech 2027 a Kraaft trieden.