Aus dem PolicebulletinMenacéiert, geschloen a Kopfhörer geklaut kritt, Laptop aus Auto matgoe gelooss

RTL Lëtzebuerg
En Déifstall respektiv e versichten Déifstall, wéi och en Iwwerfall mat Gewalt hunn d'Beamte vun der Police am Laf vun e Mëttwoch beschäftegt.
Eng Patrull vun der Police ënnerwee am Garer Quartier
© Laurent Weber

E Mëttwoch am Nomëtteg gouf eng Persoun vun enger Rei Täter op der Place de la Gare am Garer Quartier menacéiert, geschloen a beklaut. Wéi et vun der Police heescht, hu si dem Affer d’Kopfhörer geklaut ier si a Richtung Gare gelaf sinn. Eng Sich no hinnen hat bis ewell kee Succès, d’Enquête leeft awer.

Owes géint 21 Auer koum et am Garer Quartier an der Rue du fort Bourbon dann och zu engem Abroch an en Auto, bei deem e Laptop aus dem Gefier geklaut gouf. Do virdru gouf et och nach en Abrochsversuch an en Auto op der Route de Machtum zu Gréiwemaacher.

Rotschléi vun der Police, fir Iech virun Abréch an Autoen ze schützen, fannt Dir ënnert dësem Link.

Back to Top
CIM LOGO