Plazeweis bis zu 5 Zentimeter Schnéi méiglechMeteolux gëtt fir e Mëttwoch eng Alerte Jaune eraus

RTL Lëtzebuerg
Fir e Mëttwoch gëllt am ganze Land eng Alerte Jaune vun 13 bis 23 Auer.
© Domingos Oliveira

Wéi et vu Meteolux heescht, wieren an der Moyenne 1 bis 3 Zentimeter Schnéi méiglech, plazeweis kéinten awer och bis zu 5 Zentimeter gemooss ginn. D’Alerte gëllt fir dat ganzt Land.

Schonn e Méindeg hat d’Wiederagence eng Warnung erausginn, dat wéinst extreemer Keelt vu bis zu -9°

Weider Infoen zur Alerte fannt Dir um Site vu Meteolux.

Schnéi an Äis suergen a ville Länner an Europa aktuell nach ëmmer fir Chaos am Stroossen-, Zuch- a Fluchverkéier. Um Amsterdamer Fluchhafe Schipol sinn haut op en neits Honnerte Flich gestrach ginn. Och Flich tëschent Lëtzebuerg op Amsterdam mat KLM si betraff. Gréisser Problemer am Fluchverkéier ginn et och zu Paraïs. De Vol vu Lëtzebuerg op Paräis um 14 Auer gouf annuléiert. A Frankräich gëllt aktuell an 12 Departementer eng orange Wiederwarnung wéinst Schnéi a Glatäis.

Back to Top
CIM LOGO