
Et huet an der éischter Hallschent vum Joer an am Wanter net vill, respektiv net genuch gereent a lo steet de Summer virun der Dier. Den Ëmweltministère an d'Waasserwirtschaftsamt ruffen d'Leit dowéinst dozou op verstänneg mam Krunnewaasser ëmzegoen a Waasser ze spueren. Wéinst den héijen Temperaturen an dem dréchene Wieder, riskéiert de Waasserverbrauch nämlech an nächster Zäit däitlech an d'Luucht ze goen.
Dofir recommandéiert den Ëmweltministère ënner anerem:
- dass ee keng Piscinnen doheem soll fëllen, sief et richteg Piscinnen, oder opblosbarer.
- dass ee säin Auto net doheem soll wäschen
- dass een den Trottoir, d'Fassad oder d'Garage net wäsche soll
- dass ee keen Hochdruckreiniger benotze soll
- dass ee keng Fontainë soll bedreiwen, ausser et ass en zouene Waassersystem
- dass een net onnéideg soll netzen, sief et Wisen, Kierfechter, Parken, oder Sportsterrainen, ausser bei neien Uplanzungen
- dass ee Gedrénks oder Iesswueren net onnéideg soll ënner fléissendem Waasser killen.