ChamberkommissiounMinistesch presentéiert déifgräifend Reform vu Geriichtsprozeduren

Roy Grotz
D'Geriichts-Prozeduren an zivillen oder geschäftlechen Affären solle vereinfacht an den Accès zur Justiz méi einfach gemaach ginn.

Dat ass d'Zil vun engem Gesetzprojet, deen d'Justizministesch Sam Tanson an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert huet. Deemno soll den Taux vun de Kompetenzen, fir dee Friddensriichter responsabel sinn, verduebelt ginn, an zwar op 20.000 Euro. Mat dëser Mesure ginn eng ganz Partie Affären vun de Bezierksgeriichter degagéiert. De Staatsrot hat a sengem Avis souguer eng Limitt vu 50.000 Euro proposéiert; dëst gouf am Gesetztext awer net festgehalen.

Do dernieft soll eng "Mise en etat simplifiée" agefouert ginn, wann de Litige net d'Zomm vun 100.000 Euro depasséiert an d'Divergenzen nëmmen tëscht 2 Leit bestinn.

Eng lescht Vereinfachung ass d'Appell-Prozedur virun de Friddensgeriichter, sou datt dës soll kënne mëndlech virun de Bezierksgeriichter gemaach ginn, bis ewell ass dës Prozedur eng schrëftlech.

D'Deputéiert hu gréisstendeels d'Ziler vun der Gesetzesvirlag begréisst, mee och Statistike gefrot, wéi vill Leit ouni Affekot hir Cause plädéieren a wou d'Reform vun der "Assistance judiciaire" drun ass.

Back to Top
CIM LOGO