Militärsatellit"Mir bleiwen an der enveloppe budgétaire"

RTL Lëtzebuerg
D’politesch Saga ëm de Militärsatellit “Luxeosys” geet lues a lues op en Enn.

De Projet vum fréieren Verdeedegungsminister Etienne Schneider suergt zanter Joere fir vill Kritik, well en e gutt Stéck méi deier ginn ass ewéi e sollt. 2018 waren 170 Milliounen Euro virgesinn an Enn 2020 huet d’Chamber missen eng Rallonge op 309 Milliounen Euro stëmmen. Déi nei Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet e Méindeg, no enger Sitzung vun de Chamberkommissioune fir d’Verdeedegung a fir d’budgetär Kontroll verséchert: “Mir bleiwen an der Enveloppe bugdetaire”. Och wann de Projet um Enn nees eng Kéier 25 Milliounen € méi deier wäert ginn, sou war dat deemools an der Rallonge esou virgesinn.

Och wann se averstane sinn, datt de Projet am Ufank net richteg ugepaakt gouf, esou verdeedegen déi nei Verdeedegungsministesch an hire Virgänger François Bausch, elo Oppositiounsdéputéierten vun déi Gréng, de Projet trotzdeem elo. D’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert an den ADR-Deputéierte Fred Keup wëllen de Militärsatellit och elo an Orbit hunn. E grousse Konsens also, och doriwwer, datt an Zukunft d’Chamber bei Projeten vun der Defense méi séier an transparent informéiert gëtt. Den LSAP-Deputéierte Georges Engel huet zouginn, datt een nach ëmmer “e bëssen dru knat”, mä hien huet betount, datt d’Chamber de Projet 2018 guttgeheescht hat, mat Ausnam vun déi Lénk.

Net matgestëmmt haten deemools och d’Piraten, well déi nach net an der Chamber waren. Hiren Deputéierte Marc Goergen huet e Méindeg och weiderhi bedauert, datt de Militärsatellit technologesch net um neiste Stand wier: e kéint just “lächerlech” 100 Biller den Dag maachen a kéint näischt live iwwerdroen. Op déi Kritik huet d’Yuriko Backes geäntwert, dass de Satellit eréischt Enn zejoert Joer fäerdeg gi wier, also hätt een an der technologescher Evolutioun “näischt verpasst”.

Am Géigesaz zur Sitzung, déi mat manner ewéi enger Stonn, séier fäerdeg war, schleeft de Militärsatellitt nach e bëssen. U sech hätt e scho misse Mëtt 2022 mat enger europäescher Ariane Rakéit op Orbit geschoss ginn. Elo gëtt et Enn dës Joers, Ufanks nächst Joer mat enger “Space-X-Rakéit”. Dat well Ariane an der Läscht Problemer gehat hätt.

Back to Top
CIM LOGO