
D’Lydie Polfer an d’Colette Flesch hunn net nëmmen zesumme Politik gemaach, mä si huet och eng déif Frëndschaft verbonnen. Esou erënnert sech déi Stater Buergermeeschtesch dorunner, wéi si duerch d’Colette Flesch an d’Politik koum. D’Lydie Polfer hätt ee Stage am Büro vun der deemoleger Europadeputéiert gemaach. Duerno hätt d’Colette Flesch si gefrot, fir och mat an d’Gemengewalen ze goen.
D’Lydie Polfer seet, dass d’Colette Flesch net nëmmen hir, mee ville Bierger vill bedeit hätt: “Op déi verschiddenst Aart a Weise léisst si e Souvenir, an iwwerall nëmmen ee gudden: als Sportlerin, an duerno als Politikerin. Si hannerléisst iwwerall de Souvenir vun engem Mënsch, dee sech ausgezeechent huet duerch Geruetheet, Éierlechkeet, Fairplay, wat se wierklech aus dem Sport mat Haut a Blutt mat eriwwerbruecht huet. Si ass fir ganz vill vun eis net nëmmen eng gutt Frëndin gewiescht, mee en häerzleche Kolleeg a si wäert ons ganz vill feelen.”
Och nodeems si e Schlussstréch ënnert hir eege politesch Karriär gezunn huet, huet d’Colette Flesch déi national an international Politik intensiv suivéiert. Esou hätt si sech nach reegelméisseg beim Ausseminister Xavier Bettel gemellt, fir mat him iwwert Aussepolitik ze diskutéieren. Mä och an der DP war si nach aktiv, huet sech op Parteikongresser zu Wuert gemellt oder huet am Comité Directeur d’Linn vun der Partei matbestëmmt.
De Xavier Bettel wierdegt d’Colette Flesch als Pionéierin. Si war déi éischt Stater Buergermeeschtesch, déi éischt Ausseministesch, déi éischt Vize-Premier oder déi éischt DP-Parteipresidentin. Donieft hätt si sech schonn an de 70er Jore fir d’Rechter vu Minoritéite a Fraen agesat, oder sech géint d’Doudesstrof engagéiert.
Hien erënnert sech, datt hien 1999 nëmmen an d’Chamber nogeréckelt ass, well d’Colette Flesch op Stroossbuerg goung. De Xavier Bettel wäert d’Colette Flesch als Frëndin a Kolleegin vermëssen: “D’Colette huet ëmmer nogelauschtert, an et konnt een ëmmer bäiléieren, wann een dem Colette nogelauschtert huet. Dat war eng grouss Qualitéit. Et war eng léif Fra, eng gebilte Fra, eng staark Fra, eng sportlech Fra, eng fair Fra, eng pragmatesch Fra, eng éierlech Fra, eng liberal Fra, eng europäesch Fra, eng Fra mat Convictiounen, eng Grande Dame.”
Den Ausseminister hat nach um Dënschdeg een Dag virun hirem Doud en Telefonsgespréich mat senger Parteikolleegin, fir en Debat an der Chamber iwwert de Rôle vun de Fraen an der Diplomatie ze preparéieren: “Do huet et mir eng véierel Stonn Anekdote gezielt. Wéi et selwer Diplomatin wollt ginn, sech zweemol presentéiert huet a gesot krut, et wier kee Posten fräi, an do hu se awer Männer agestallt. Do hätt et seng schéinste Revanche gehat, wou se als Ausseministesch an de Ministère komm ass”, erënnert de Xavier Bettel sech u säi leschte Gespréich mat der Colette Flesch.
Och hir Partei d’DP huet an engem Artikel un d’Persoun Colette Flesch erënnert an de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet sech an de soziale Medien iwwer den Doud vun der Colette Flesch geäussert.