
D’Lëtzebuerger Politik trauert am neie Joer ëm e weidere markante Personnage. Am Alter vun 88 Joer ass d’DP-Politikerin Colette Flesch gestuerwen.
Virun der Politik war d’Fechten déi grouss Passioun vun der Colette Flesch. No enger Bronzemedail op der Weltmeeschterschaft vun de Junioren 1958 huet si dräimol un Olympesche Spiller deelgeholl. 1960 zu Roum, 1964 zu Tokio an 1968 zu Mexico City huet si d’Lëtzebuerger Faarwe vertrueden.
No der sportlecher Karriär goung et an d’Politik. E Changement, dee sou eigentlech ni geplangt war, sot d’Colette Flesch an engem Interview 1996: “D’Politik - also op eemol huet dat sech esou fonnt. 1968 ware virgezunne Walen an ech si gefrot ginn, an d’Walen ze goen an do gouf ech gewielt. Selbstverständlech hat ech ëmmer Interêt derfir. De Sport war ëmmer fir mech eppes Wichteges, eppes, wat mer enorm vill bruecht huet, wat zu menger Educatioun gehéiert géif ech soen, esou vill ewéi d’Schoul, mee et war awer ni meng Iddi, do e Beruff doraus ze maachen.”
No de Walen am Dezember 1968 kënnt d’Colette Flesch uganks 69 eng éischte Kéier an d’Chamber. Just ee Joer drop, 1970, gëtt d’DP-Politikerin Buergermeeschtesch vun der Haaptstad. Si ass domadder déi éischte Fra, déi un der Spëtzt vun der Stater Gemeng steet.
Bis 1980 bleift d’Colette Flesch Stater Buergermeeschtesch. Zéng Joer, déi hir vill bedeit hunn a vill Freed gemaach hunn, huet d’Politikerin ëmmer nees betount. 1980 kënnt eng duebel nei Erausfuerderung op d’Grande Dame vun der Lëtzebuerger Politik duer. Si gëtt Presidentin vun der Demokratescher Partei an iwwerhëlt an der Regierung d’Successioun vum Gaston Thorn, deen EU-Kommissiounspresident gëtt.
D’Colette Flesch gëtt domadder Vizepremier an Ausseministesch an iwwerhëlt och d’Ressorte Wirtschaft a Justiz. Véier Joer bleift si an der Regierung, bis 1984 d’DP vun der LSAP an der Regierungskoalitioun ofgeléist gëtt. Och an der Europapolitik war d’Colette Flesch doheem. Mat Ënnerbriechunge souz si tëscht 1969 an 2004 ëmmer nees fir Lëtzebuerg am Europaparlament. Do donieft war si vun 1990 bis 1999 Generaldirektesch an der Europäescher Kommissioun zoustänneg fir Kultur, Kommunikatioun, Sport an den Traductiounsservice. No Bréissel a Stroossbuerg goung et zréck op de Krautmaart an op de Knuedler. 2007 huet d’Colette Flesch sech mat Standing Ovations aus der Gemengepolitik zréckgezunn.
Zwee Joer drop bei den Nationalwalen ass d’Colette Flesch nach eemol ugetrueden, huet et awer net méi an d’Chamber gepackt. No 40 Joer huet d’Colette Flesch sech domadder 2009 aus der aktiver Politik zréckgezunn.
Réckbléckend op hir Karriär sot d’Colette Flesch: “Ech fannen, dass ech vill Chance hat, dass ech konnt all déi Saache maachen. Ech sinn dankbar de Leit, déi mer d’Politik erméiglecht hunn, déi Leit, déi mech bei der Hand geholl hunn a mech an d’Politik geféiert hunn, mee och d’Wieler, déi mer d’Méiglechkeet ginn hunn. Ech kann nëmmen alle jonke Meedercher wënschen, dass et hinnen am Liewen esou gutt geet, ewéi et mir gaangen ass. An dofir sinn ech dankbar.”
Als Erënnerung un déi bekannt Lëtzebuerger Politikerin weist RTL Télé Iech e Mëttwoch den Owend um 20 Auer nom Journal dës Emissiounen:
Porsche, Poschen, Politik, Pink Panther an déi olympesch Spiller ginn mat der fréierer Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg ugeschwat