RTL-IwwerraschungMir soen de Corona-Helde Merci

RTL Lëtzebuerg
4.121 Leit (Stand: 22. Juni) goufe bis ewell hei zu Lëtzebuerg positiv op de Coronavirus getest, 110 Leit sinn un de Suitte gestuerwen.
null
E puer Corona-Helde wollte mir op eng méi speziell Manéier ee Merci iwwerbréngen.

Ma dës Zuele reflektéieren nëmmen e Brochdeel vun där Pandemie, déi eis am Endeffekt alleguerte getraff huet. Grad an där Zäit goufen et awer Leit, déi wärend der Kris net nëmmen u sech selwer, ma och un hir Matmënsche geduecht hunn. An e puer vun hinne wollte mir op eng méi speziell Manéier ee Merci iwwerbréngen.

Eis 1. Heldin: d'Jenny Schmitz an hir Ekipp 5a am Kierchbierger Spidol

Op eiser Sich no Corona-Helden huet sech ënnert anerem d’Astrid Schmitz gemellt. Si ass fréier Infirmière a Mamm vun dräi Kanner. Zwee vun hinne schaffen am Gesondheetssecteur – hiert Meedche Jenny an der Ekipp 5a vum Kierchbierger Spidol. Deemno krute si an hire Mann aus éischter Hand mat, wéi d’Situatioun wärend der akuter sanitärer Kris fir d’Personal un der Front war.

Astrid Schmitz: “Déi Ekipp ass aus hirem normalen Alldag – normalerweis si si eng Orthopedie-Unitéit gewiescht – an si si vun engem Dag op deen aneren ëmgeswitched ginn als Covid-Unitéit. A si hunn do ganz vill Aarbecht gemaach an enger Zäit, wou si net woussten, wat op si géing duerkommen. Si hunn de Virus net kannt, si hunn d’Konsequenze vum Virus net kannt, a si hunn do wierklech sech ganz staark erageschafft a sinn och ganz gestäerkt aus där Situatioun erauskomm.”

D’Jenny ass selwer Mamm, huet awer wärend där ganzer Pandemie op hire Congé pour raisons familiales verzicht. De Papp huet dat an d’Hand geholl. Well si gouf gebraucht am Spidol, ewéi vill aner Leit aus dem Secteur, déi wuel an enger änlecher Situatioun waren. Als fréier Infirmière kéint d’Astrid sech och ganz gutt an d’Situatioun era versetzen, déi d’Gesondheetspersonal besonnesch wärend deenen éischte Wochen huet missen duerchliewen.

A genee aus all dëse Grënn war et fir si elo un der Zäit, där Ekipp, stellvertriedend fir de ganze Gesondheetssecteur, eppes zeréckzeginn. E klenge Geste, deen awer vun Häerze kënnt. Op der Fréischicht hu mir zesumme mam Astrid hir Duechter Jenny an hir Ekipp ofgefaangen. An d’Iwwerraschung war perfekt.

Jenny Schmitz: “Ech sinn extrem erstaunt, ech hätt dat do net erwaart. An ech sinn e bëssen iwwerrumpelt. An et hätt och vläicht net onbedéngt misse sinn. Awer ech sinn ganz frou driwwer. Merci!”

Eis 2. Heldin: D'Yasmine Ries, déi honnerte Maske gebitzt huet

Fir eis zweet Surprise si mir op Gréiwemaacher gefuer, wou d’Elke Promme eng Frëndin iwwerrasche wollt. D’Yasmine Ries ass an hiren Aen nämlech eng Corona-Heldin a verdéngt ee Merci dofir, dass si sech an der Kris engagéiert an Honnerte Maske gebitzt a gratis verdeelt huet. Ënnert falschem Virwand huet d’Elke si bei sech geruff.

Dem Yasmine hir Schwëster Nathalie war ageweit an Deel vum Plang.

Elke Promme: “D’Yasmine huet immens gär de Kéiskuch, dee mäi Mann baakt. Den Owend ginn hatt an d’Nathalie nach op ee Concert a seng Schwëster schléift bei him. An do hu mir gesot, dass hatt sech quasi e Kéiskuch bei mengem Mann gefëscht huet, an hatt soll deen um fënnef Auer heihinner siche kommen.”

Kuerz no fënnef Auer stoung d’Yasmine dann och scho virun der Dier – a konnt sengen Aen net gleewen. Nieft eisem Kamera-Team huet nämlech nach ee Kaddo op si gewaart: zwee Ticketen fir an ee Fräizäitpark zu Paräis.

Yasmine Ries: "Ech sinn iwwerwältegt. Ech war eigentlech mat engem ganz anere Gedanken heihinner komm. Dat heescht, ech hu guer net domat gerechent. Ech hu vun der ganzer Saach och guer näischt matkritt an de Medien. Ech fannen et flott, dass aner Leit mech esou gesinn. An ech fannen et ganz normal, anere Leit ze hëllefen."

Eis Iwwerraschunge sinn deemno gelongen. Ee klenge Geste, dee fir d’Jenny a Yasmine awer eng grouss Bedeitung huet.

Back to Top
CIM LOGO