De Parteipresident François Benoy sot, et géif ee feststellen, datt no iwwer zwee Joer CSV-DP Regierung immens wéineg erreecht gi wier. Als ee Beispill huet hien de Sozialdialog genannt.
D’Regierung kann déi Gréng och net mat der Steierreform beandrocken, well se ondifferenzéiert jidderee géif entlaaschten a well se net géigefinanzéiert wier. Déi Gréng hätte sech méi Gerechtegkeet a méi Nohaltegkeet gewënscht.
Kritik gouf et och um Ëmweltminister. Hie géif d’Naturschutzgesetz demontéieren an dann och nach probéieren, dat als e Bonus un d’Natur ze verkafen.
Déi Gréng hunn awer och un aner Dossieren erënnert, mat deenen d’Regierungsparteien an d’Wale gaang sinn a froen, wou dann déi méi grouss Offer an der Gesondheetsversuergung ass oder wéi et mam Ausbau vun der N7 ass.
Am Allgemengen stellen déi Gréng fest, datt déi grouss Parteien am Land erstaunlech mann Iddien hätten, fir déi grouss Problemer ze léisen a bei Verschiddene géif och opfalen, datt se vill méi mat sech selwer beschäftegt wieren, amplaz sech ëm dat Weesentlecht ze këmmeren.
D’Parteipresidentin Stéphanie Empain huet sech mat der internationaler Situatioun beschäftegt a bedauert, datt dat, wat mir den Ament erliewen, keng Weiderentwécklung wier, mä e risege Réckschrëtt an Zäiten, déi ee gemengt hat, hannert sech ze hunn.
Ob Venezuela, Palästina, d’Ukrain oder elo och nach Grönland, et géif een an enger Welt liewen, an där dat internationaalt Recht ëmmer méi duerch d’Recht vum méi Staarken ersat géif. Dat wat déi gréng Parteipresidentin am meeschte frappéiert ass, wéi séier dës nei Realitéit als “normal” ugesi gëtt ouni entspriechend Äntwerte parat ze hunn. Europa géif relativ vill nokucken an “d’Situatioun ganz genee suivéieren”. Dofir huet d’Stéphanie Empain och d’Fro opgeworf, wéini datt “nokucken a suivéieren” zur Aussepolitik ginn ass.
Wat Lëtzebuerg ugeet, vermësst si kloer Messagen an déi néideg Distanz zu Agresseurstaaten an hire Representanten. D’Majoritéitspolitiker zum Beispill géifen op all Receptioun an der Rei stoen, fir Fotoe mat der US-Ambassadrice ze maachen. Déi Gréng erwaarde sech awer kloer Wierder, déi onmëssverständlech ausdrécken, datt Lëtzebuerg net acceptéiert, datt Supermuechten d’Welt no hiren Intressien zeechnen an d’Europäer erpressen, fir Grenzen nei ze zéien.
Och d’Spriecherin vun déi Gréng an der Chamber, d’Sam Tanson, huet bedauert, datt d’Stëmm vu Lëtzebuerg op der internationaler Büün net méi ze héiere wier. Et géif just nach matgeschwomme ginn. An Amenter vu Verännerung misst ee sech awer mat der Fro beschäftegen, wéi een domadder ëm geet. All Zesummen, mä och perséinlech. D’Sam Tanson huet ënnerstrach, datt et net den Ament ass fir ze kapituléieren. Net trotz de Geforen, mä wéinst de Geforen.