Méi Qualitéit a präzis InformatiounenMise à jour vum Handelsregëster a vum Registre des Bénéficiaires Effectifs

RTL Lëtzebuerg
De Luxembourg Business Registers ass e Groupement d'Intérêt Economique, wouvunner de Fonctionnement reforméiert gëtt.
Mise à jour vum RCS an RBE
De Luxembourg Business Registers ass e Groupement d’Intérêt Economique, wouvunner de Fonctionnement reforméiert gëtt.

Zil hannendrun ass eng Mise à jour vum Handelsregëster a vum Registre des Bénéficiaires Effectifs, wou jo all d’Asblen agedroe sinn.

Gestioun vun RBE an RCS gëtt reforméiert/vum Sabrina Backes

Dës Regëstere ginn aktiv genotzt. Sou waren et zejoert eng 20 Milliounen Dokumenter, déi op där Plattform consultéiert an erofgeluede goufen. Wéi et vun der zoustänneger Justizministesch Sam Tanson e Méindeg geheescht huet, soll domat d’Qualitéit an d’Prezisioun vun den Informatioune garantéiert ginn. Bis 2023 sollen och Sanktiounen agefouert gi fir Entreprisen, déi sech net un d’nei Dispositiounen halen.

Déi béid obligatoresch Regëstere – also den RCS an den RBE - spillen eng wichteg Roll fir d’Ekonomie um nationalen Niveau. Hei fanne sech all Donnéeën iwwer Entitéiten, déi zu Lëtzebuerg enregistréiert si wéi z.B. iwwer hire Siège social oder hir Konten. Ma awer och op internationalem Niveau wieren dës wichteg, seet d’gréng Justizministesch Sam Tanson:

“Op der anerer Säit hu mer natierlech um internationale Plang eng ganz Rëtsch Erausfuerderunge bei Evaluatiounen, sief et um Niveau vum GAFI vun der OECD oder och op europäeschem Niveau, wou mer musse Carte Blanche weisen, well mer eng grouss Erausfuerderung hunn als Finanzplaz, als grouss Wirtschaftsplaz an Europa an do natierlech all eis Moyene musse ginn, fir ze kontrolléieren, dass déi Informatiounen, déi hei zentraliséiert ginn, dass déi och esou korrekt wéi méiglech sinn.”

Am internationale Verglach hätt den LBR awer gesinn, datt et bei de Regëstere bei enger Rei vu Punkten nach Verbesserungspotential gëtt. Den Direkter vum LBR Yves Gonner:

“Wat fir eis immens wichteg ass, dat ass, dass mir dem Public kënnen e Regësteren zur Verfügung stellen, wou och eng héich Qualitéit vun Informatiounen enthalen ass an et geet do drëms fir eng beschtméiglech Qualitéit ze erreechen an eise Regësteren, fir datt och de Public, wann en Zougrëff op déi Informatioune kritt, dann och kann dovun ausgoen, datt déi Informatioune à jour sinn, datt se korrekt sinn an datt se och ënnerhalb vun de gesetzlechen Obligatiounen ageriicht gi sinn.”

Doropshi goufe verschidden Etappe festgeluecht, déi déi weider Demarchë reegele sollen. An enger éischter Etapp geet et ëm d’Preventioun. D’Betriber solle geziilt informéiert ginn iwwer d’Obligatiounen, déi se hunn, wann et ëm d’Androen an den RCS-Regëster geet. Déi zweet Etapp besteet aus Sanktiounen:

“Déi si kumulativ, d.h. mer fänken u mat Informatiounen, déi mer op eis Internetsitte setzen, wa mer feststellen, dass a verschiddenen Dossieren d’Donnéeën net konform sinn, da maache mer en Avertissement op eisem Internetsitten, wou mer dann drop hiweisen, dass verschidden Informatioune vun deem Betrib net konform sinn.”

Wann op den Avertissement net reagéiert géing ginn, da kéinten d’Betriber mat enger Geldstrof vu bis zu 3500 Euro rechnen. Wann dës net géing bezuelt ginn, kann de Betrib aus dem Regëster gestrach ginn also eng “Radiation d’office”.

Parallel sollen och d’Donnéeën an der Datebank am Fong kontrolléiert ginn, fir do och eventuell Inkoherenzen tëscht den Informatiounen erauszefilteren. Fir den neien Aufgabe kënne besser nozegoen an d’Reformen duerchzeféieren, ass den LBR als Gestionnaire vun de Regësteren och elo am Gaang, d’Personell ze verduebelen.

Back to Top
CIM LOGO